
Wärend an der spuenescher La Liga Real Madrid seng Dreem vum Championstitel no enger Defaite géint den FC Girona wuel endgülteg begruewe muss, duerf den CA Osasuna no enger Victoire op Europa hoffen.
An der englescher Premier League waren et um Dënschdeg dräi Partien. No enger 1:0-Victoire réckelt Aston Villa op d’mannst provisoresch op déi 5. Plaz no vir.
FC Girona - Real Madrid 4:2
1:0 Taty Castellanos (12'), 2:0 Taty Castellanos (24'), 2:1 Vinícius Júnior (34'), 3:1 Taty Castellanos (46'), 4:1 Taty Castellanos (62'), 4:2 Lucas Vazquez (85')
Real Madrid huet iwwerraschend beim Opsteiger FC Girona verluer. De Mann vum Dag war den Taty Castellanos, dee 4 Goler fir Girona geschoss huet. De 24 Joer alen Argentinier ass dee éischte Spiller an dësem Joerdausend, dee 4 Goler géint déi “Kinneklech” schéisse konnt. Fir Real hunn de Vinícius an de Vasquez markéiert. Den Tabellenzweete vu Madrid huet siwe Spilldeeg viru Schluss 11 Punkte Retard op den FC Barcelona. D’Katalanen hunn zudeem ee Match manner gespillt.
FC Cádiz - CA Osasuna 0:1
0:1 Ruben Garcia (62')
Den CA Osasuna, deen op Plaz 8. an der Tabell läit a sech duerchaus nach Hoffnungen op d’Europa League maachen dierf, konnt sech auswäerts beim FC Cádiz, deen als 15. just 2 Punkten Avance op eng Ofstigsplaz huet, mat 1:0 duersetzen. De Gol vum Dag huet de Ruben Garcia an der 62 Minutt geschoss.
LINK: Den Iwwerbléck vun der La LigaPremier League
Wolverhampton Wanderers - Crystal Palace 2:0
1:0 Joachim Anderson (3'/Selbstgol), 2:0 Rúben Neves (94'/Eelefmeter)
Aston Villa - FC Fulham 1:0
1:0 Tyrone Mings (21')
Leeds United - Leicester City 1:1
1:0 Luis Sinisterra (20'), 1:1 Jamie Vardy (80')