
Wéi héich ass d’Gefor vun enger Infektioun mam Coronavirus op engem groussen Evenement? Fir den Organisateuren d’Decisioun ze vereinfachen, ob een Event soll bäibehale ginn oder net, huet de Ministère ee Formulaire ausgeschafft, deen Organisateuren un d’Direction de la Santé kënne schécken. Déi evaluéiert dann d’Situatioun.
Am Fall vum Evenement “Relais pour la Vie”, dee vun der Fondation Cancer organiséiert gëtt, wier beim Risk Assessment een héije Risiko erauskomm. En Dënschdeg de Mëtteg hätt een d’Recommandatioun vun der Direction de la Santé kritt. Dat well ganz vill vulnerabel Persounen um Relais matmaachen, och vill Leit aus dem Ausland. Et ass an enger zouener Hal, an zitt sech och iwwert eng länger Zäit.
Lucienne Thommes, Direktesch vun der Fondation Cancer: "Et ass jo awer enk beieneen, an et si jo awer Interaktiounen, d'Leit gi sech den Dossard. Et ass een Evenement fir Kriibspatienten an aner Leit, déi krank sinn, déi do matmaachen. Dat ass den Ënnerscheed tëscht aneren Organisatiounen an eis, datt dat Leit sinn, déi gesondheetlech méi ugeschloe sinn."
De Relais pour la Vie sollt den 21. an 22. Mäerz sinn. En ass op Äis geluecht ginn. Ob en duerch méi kleng Evenementer soll ersat ginn, huet d’Direktesch vun der Fondation Cancer d’Lucienne Thommes oppe gelooss. Elo géif ee mol d’Kapitäne vun den Equippe kontaktéieren, fir si z’informéieren an ze kucken, ob een d’Aschreiwungsfraisen rembourséiert oder d’Equippen automatesch fir d’nächst Joer enregistréiert. Och bei den Done géif een de Leit de Choix loossen.
Lucienne Thommes:"Et muss een zwou Saache kucken. D'Inscriptioun vun den Ekippen do wäerte mir den Ekippe proposéieren, se ze rembourséieren, wa se wëllen oder se d'office anzeschreiwe fir d'nächst Joer. Datt se da schonn dobäi sinn. D'Suen also fir d'Inscriptioun vum nächste Joer sinn."
Egal wéi d’Decisioun vun der Direktion de la Santé ausfält, kënnen d’Organisateuren autonom doriwwer decidéieren, ob si een Event annuléieren oder net.
13.000 Leit hu sech fir de Relais ageschriwwen, an do sinn d’Visiteure nach net mat agerechent.
Suite à l'évaluation du risque dans le contexte de l'épidémie actuelle de COVID-19 par la Direction de la Santé, la Fondation Cancer a pris la douloureuse décision d'annuler l'édition 2020 du Relais pour la Vie prévue les 21 et 22 mars à la Coque.Le Relais pour la Vie, le rendez-vous annuel de solidarité avec les patients atteints de cancer, accueille chaque année plus de 13 000 participants.
« C'est avec le cœur lourd que nous annonçons son annulation. Mais la santé des relayeurs, partenaires, bénévoles et surtout celle des patients dont le système immunitaire est souvent affaibli est notre priorité absolue », explique la directrice de la Fondation Cancer, Lucienne Thommes.
Dans les prochains jours, la Fondation Cancer contactera les capitaines d'équipes ainsi que les donateurs pour les informer des modalités de remboursement.
Nous regrettons profondément de ne pouvoir vous accueillir aux dates prévues et nous vous donnons rendez-vous en 2021.
