Champions LeagueRemis tëschent Salzburg a Bayern, Liverpool mat Victoire

RTL Lëtzebuerg
De Coman huet de Bayern a leschter Minutt den 1:1-Remis gerett. Liverpool huet iwwerdeems eng gutt Ausgangspositioun fir de Retourmatch géint Inter.
Den Adamu huet den entscheedende Gol fir Salzburg markéiert.
Den Adamu huet den entscheedende Gol fir Salzburg markéiert.
© AFP

E Mëttwoch den Owend war d’Suite vun den Aachtelsfinallen an der Champions League. Bayern München war als héije Favorit zu Salzburg op Besuch an Inter huet an enger spannender Partie Liverpool empfaangen.

Resumé Champions League / Guy Seyler

RB Salzburg - Bayern München 1:1
1:0 Adamu (21'), 1:1 Coman (90')

Obwuel Bayern München um Pabeier de grousse Favorit war, huet d’Heemekipp sech vun Ufank un net verstoppt. No knapp zwou Minutte war Salzburg no engem Feeler vum Süle eng éischte Kéier geféierlech no vir komm. An enger éischter Phas war et eng intensiv Partie, an där béid Ekippen héich gepresst hunn. Déi éischt kloer Golchance haten awer d’Gäscht. No enger schéiner Pass vum Tolisso op de Gnabry, ass den däitsche Stiermer mat sengem Schoss awer um Golkipp hänke bliwwen. Op der anerer Säit huet den agewiesselten Adamu et besser gemaach. No engem flotte Konter iwwert den Adeyemi, huet de Stiermer de Ball laanscht den Ulreich an den Eck geschlenzt.

Salzburg - Bayern 1:0 Adamu (21')
Salzburg war duerch den Adamu mat 1:0 a Féierung gaangen.

Bayern huet nom Géigegol nervös gewierkt a Salzburg hat duerch den Aaronson kuerz nom 1:0 déi grouss Chance, den 2:0 ze markéieren. Den Ulreich konnt de Schoss aus kuerzer Distanz entschäerfen. Bayern huet probéiert dogéint ze halen, mee dem Sané säi Schoss no knapp 30 Minutten ass laanscht de Gol gaangen. Bis zur Paus ass d’Partie animéiert weidergaangen, ouni dass e weidere Gol gefall ass.

Nom Säitewiessel hat Bayern méi vum Match, d’Ekipp vum Nagelsmann konnt sech awer keng kloer Chancen erausspillen. D’Heemekipp huet mat hire schnelle Stiermer op Kontere gelauert. An der 63. Minutt hat de Lewandowski seng éischt Chance, säin harmlose Kappball ass awer laanscht de Gol gaangen. D’Zäit ass de Gäscht ëmmer méi fortgelaf a si hu sech am Spill no vir géint eng gutt Salzburger Ofwier schwéier gedoen. Wa Bayern virun de Gol koum, huet de Köhn géint de Coman (73') an de Sané (75') mat flotte Paraden de Géigegol verhënnert. 10 Minutte viru Schluss hat Salzburg déi grouss Chance op den 2:0. Souwuel den Adeyemi wéi och den Adamu hunn de Ball awer net am Filet ënnerbruecht. Kuerz viru Schluss huet de Coman awer nach den 1:1 fir seng Faarwe markéiert. Um Enn war dat en gléckleche Remis fir de Favorit, och wa Bayern an der zweeter Hallschent méi vum Match hat.

Salzburg - Bayern 1:1 Coman (90')
De Coman séchert de Bayern a leschter Minutt en 1:1-Remis.

Inter Mailand - FC Liverpool 0:2
0:1 Firmino (75'), 0:2 Salah (83')

Am San Siro waren et Gäscht aus England déi besser an de Match fonnt hunn. An den éischte Minutten hunn awer souwuel den Thiago an de Mané hir Geleeënheete net genotzt. Trotz dem bessere Start vu Liverpool ass Inter aus dem Näischt bal a Féierung gaangen. Dem Calhanoglu säi Schoss ass awer op d’Lat gaangen. Béid Ekippen hu probéiert geféierlech no vir ze spillen, bis zur Paus ass awer kee Gol gefall.

Inter hat sech an de Kabinne vill virgeholl an huet no der Paus mat vill Drock no vir gespillt. E Gol sollt an där Phas fir d’Ekipp vum Simone Inzaghi awer net falen. An der 75. Minutt huet Liverpool säi Géigner bestrooft. No engem Corner vum Robertson huet de Firmino de Ball an de Gol gekäppt. An der 83. Minutt huet de Salah nach en zweete Gol markéiert an 2:0-Victoire vu senger Ekipp geséchert.

Resumé Inter - Liverpool
Liverpool setzt sech 2:0 am San Siro géint Inter Mailand duerch.

All d’Resultater am Iwwerbléck

Klickt hei, fir op d’Resultater vun der Champions League ze kommen.

Back to Top
CIM LOGO