
Nieft der Premier League, der Serie A an der Ligue 1, ass och an der Bundesliga de Ball um Samschdeg gerullt.
Brighton - Liverpool 0:2
0:1 Diaz (19'), 0:2 Salah (61', Eelefmeter)
Liverpool bleift mat der Victoire géint Brighton um Tabelleleader Manchester City drun; den Ecart läit nees bei dräi Punkten. Et war eng kloer Affär fir d’Reds, och wa Brighton déi éischt Minutte ganz aggressiv ugaange war. Liverpool konnt schonn an der 19. Minutt a Féierung goen. De Mo Salah huet an der zweeter Hallschent no engem Eelefmeter duerch en Handspill zum 2:0 fir seng Faarwen eragesat.
Manchester United vs Tottenham Hotspur 3:2
1:0 Ronaldo (12'), 1:1 Kane (35'), 2:1 Ronaldo (38'), 2:2 Maguire (72', Eegegol), 3:2 Ronaldo (81')
Et war den Dag vum Cristiano Ronaldo, dee ManU mat sengem Hattrick nees zu enger Victoire geféiert huet. Et war de Spëtzematch vum Spilldag an der Premier League an e wichtege Match fir béid Ekippen am Kampf ëm déi international Plazen. Manchester United steet no der Victoire nees op der véierter Plaz an distanzéiert Tottenham elo op fënnef Punkten.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Sampdoria Genua vs Juventus Turin1:3
0:1 Yoshida (23', Eegegol), 0:2 Morata (34'), 1:2 Sabiri (84'), 1:3 Morata (88')
D’Juventus séchert sech mat dëser Victoire wichteg Punkten am Kampf ëm déi international Plazen am italieenesche Championnat a bleift um Trio AC an Inter Mailand an Napoli drun. Turin huet déi éischt Hallschent dominéiert an de Morata hat e gudden Dag erwëscht. Och wa Sampdoria net opginn huet a suguer verkierze konnt, sollt et um Schluss net fir ee Punkt duergoen.
AC Mailand vs Empoli1:0
1:0 Kalulu (19')
Den AC Mailand baut seng Tabelleféierung mam 1:0 géint Empoli aus. De Verfolger a Lokalrival Inter Mailand huet nach zwee Matcher manner. D’Rossoneri hu vun Ufank un Drock gemaach a sech vill Golchancen erausgespillt. An der 19. Minutt goufe si fir hiren Engagement belount. Och am weidere Verlaf vum Match hate si vill Chancen, hu se awer net genotzt.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Montpellier vs Nice0:0
Mat dësem Gläichspill léisst Nice weider Plommen an der Poursuite vum Tabelleleader Paräis a muss och oppassen, dass se net vu Marseille a Rennes op de Plazen 3 a 4 iwwerholl ginn. Fir Montpellier war et den éischte Punktgewënn no zwou Defaiten. D’Haushären hunn an der éischter Hallschent en Eelefmeter verschoss, nodeems den Dante dee verschëllt an déi Rout Kaart gesinn hat.