Bundesliga um SamschdegMünchen léisst Plommen, Freiburg gewënnt géint Wolfsburg

RTL Lëtzebuerg
An der Bundesliga waren um Samschdeg just véier Matcher, well de Match tëscht Augsburg a Mainz wéinst Corona verluecht gouf.
© AFP

Beim Match Freiburg géint Wolfsburg stounge sech zwou Ekippe géintiwwer, déi an de leschte Woche staark Performance gewisen haten. De Sportclub ass am eegene Stadion duerch de Grifo fréi a Féierung gaangen a konnt de Match och duerno gutt geréieren. Kuerz virun der Paus huet de Grifo op en neits zougeschloen an den 2:0 markéiert. An den éischte Minutten no der Paus huet Wolfsburg attackéiert a konnt duerch de Kruse an der 52. Minutt op 1:2 verkierzen. An de leschte Minutte goung et drënner an driwwer. Wolfsburg konnt fir d’éischt ausgläichen, éier de Schlotterbeck den entscheedende Gol fir Freiburg markéiert huet. Den SCF gewënnt um Schluss 3:2 géint Wolfsburg.

Den Tabelleleader Bayern wollt seng Avance op Dortmund ausbauen, huet zu Sinsheim awer näischt geschenkt kritt. D’Kraichgauer sinn no enger gudder hallwer Stonn duerch de Baumgartner a Féierung gaangen, éier de Lewandowski an der Nospillzäit vun der éischter Hallschent ausgläiche konnt. Hoffenheim huet seng gutt Leeschtung aus de leschte Woche confirméiert a knäppt de Münchener duerch den 1:1 zwee Punkten of. D’Bayern hunn elo eng Avance vun 10 Punkten op Dortmund, de BVB huet awer zwee Matcher manner.

Union Berlin louch laang mat 1:0 a Féierung, den Awoniyi hat de Gol an der 41. Minutt geschoss, éier de Stuttgarter Kalajdzic an der 90. Minutt fir seng Faarwen zum 1:1 ausgeglach huet. Stuttgart gewënnt soumat e wichtege Punkt am Kampf géint den Ofstig, wougéint Union Berlin net seng Form aus der Hironn erëmfënnt.

Am Owesmatch hat Mönchengladbach d’Berliner Hertha op Besuch. Béid Veräiner hate bis virum Match keng gutt Tendenz opweises, a fir Berlin geet deen Trend weider. Gladbach setzt sech mat 2:0 duerch. De Pléa hat d’Heemekipp an der 24. Minutt duerch en Eelefmeter a Féierung bruecht an de Mathias Ginter huet an der zweeter Hallschent den Ecart vergréissert.

De Match tëscht Augsburg a Mainz, mam Lëtzebuerger Leandro Barreiro, gouf wéinst de ville Corona-Fäll an der Virwoch beim FSV op e spéideren Datum verluecht.

D’Statistike vun de Matcher

Klickt hei, fir op d’Säit mat all de Resultater ze kommen.

D’Klickt op de Match, fir d’Statistiken ze gesinn.

D’Tabell vun der Bundesliga

Back to Top
CIM LOGO