LiichtathletikRuben Querinjean mat neiem nationale Rekord iwwer 5 Kilometer Stroosselaf

RTL Lëtzebuerg
Doriwwer eraus huet de Ruben Querinjean sech fir Weltmeeschterschaft am Stroosselaf zu Kopenhagen qualifizéiert.
De Ruben Querinjean bei enger fréiere Victoire mam Lëtzebuerger Fändel
© John Thys AFP (Archiv)

Aus der Liichtathletik kennt e Samschdeg den Owend Nouvelle, dass de Ruben Querinjean zu Lille a Frankräich bei engem 5-Kilometer-Stroosselaf en neien nationale Rekord opgestallt huet.

De Lëtzebuerger ass an enger Zäit vun 13 Minutten an 20 Sekonnen iwwert de wäisse Stréch gelaf. Domat ass hie 37 Sekonne méi séier gelaf, wéi de Vivien Henz säi Rekord aus dem Joer 2023, dee bei 13:57 Minutte louch.

Back to Top
CIM LOGO