No Tëschefall mam Leroy SanéSadio Mané bei Bayern München suspendéiert

RTL Lëtzebuerg
Wéi däitsch Medie mellen, gouf de Sadio Mané no der 0:3-Defaite am Allersmatch vun der Champions-League-Véierelsfinall bei Manchester City suspendéiert.

Grond dofir soll eng handgräiflech Ausernanersetzung mam Leroy Sané direkt nom Match an de Kabinne gewiescht sinn.

De Senegalees steet domadder géint Hoffenheim e Samschdeg net am Kader a soll och eng intern Geldstrof musse bezuelen.

De Mané ass bei der Wiel fir de Ballon d’Or zejoert den zweete ginn hannert dem Karim Benzema vu Real Madrid. Eigentlech sollt hien de Robert Lewandowski am Stuerm vu Bayern München ersetzen, wat him awer bis elo net gelongen ass. Seng Bilanz ass allerdéngs eigentlech guer net sou schlecht. An 31 Matcher fir d’Bayern huet en 11 Goler geschoss an huet der och e puer virgeluecht. Am November ass e wéinst enger Blessur ausgefall, wouduerch en och net bei der WM am Katar konnt untrieden. Zanterhier ass en net méi wierklech a seng al Form komm.

Back to Top
CIM LOGO