Internationale FuttballSchalke klappt am Ofstigsduell d'Hertha vu Berlin

RTL Lëtzebuerg
Mat 5:2 hu sech d'Schalker e Freideg den Owend géint de Veräin aus der däitscher Haaptstad behaapt.
© AFP

An der däitscher Bundesliga huet sech Schalke e Freideg den Owend ganz wichteg Punkten an der Lutte géint den Ofstig geséchert. Duerch d’Victoire géint d’Hertha vu Berlin huet ee fir d’éischte Kéier zanter sechs Méint déi direkt Ofstigsplaze verlooss. Déi Kinneksblo hu sech am haart ëmkämpften Ofstigsduell géint Hertha BSC mat 5:2 (2:1) duerchgesat. Doduerch rutschen d’Berliner op déi lescht Plaz a Schalke klëmmt an der provisorescher Tabell op Plaz 16.

Den Tim Skarke (3.), de Marius Bülter (13., 78.), de Simon Terodde (48.) an de Marcin Kaminski (90.+2) hunn d’Goler markéiert. Sollt sech d’Stuttgart e Samschdeg Punkte géint de BVB sécheren, da géing een nees laanscht Schalke zéien. Fir d’Gäscht hunn de Stevan Jovetic (45.+3) an de Marco Richter (84.) getraff. No sechs Matcher noeneen ouni Victoire réckelt deen éischten Ofstig fir d’Berliner zanter eelef Joer ëmmer méi no.

LINK: Den Iwwerbléck vun der BundesligaAn der italieenescher Serie A huet sech iwwerdeems Lazio Roum mat 3:0 bei Spezia Calcio behaapt. D’Goler hunn den Ciro Immobile (36.), de Felipe Anderson (52.) an de Marcos Antonio (89.) geschoss. An der Tabell huet Lazio Roum mat engem Match méi 13 Punkte Retard op de Leader Neapel.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie AAn der Ligue 1 a Frankräich huet Olympique Lyon zu Toulouse mat 2:1 gewonnen. Duerch d’Victoire bleift een un den internationale Plazen drun.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

Back to Top
CIM LOGO