
Augsburg - Köln 1:1
0:1 Modeste (85'), 1:1 Max (88')
Köln ass an den éischte Minutte staark vun der Augsburger Ekipp ënner Drock gesat ginn. Augsburg huet gedréckt a konnt sech fréi e puer Chancen erausspillen. An der 26. Minutt ass den Horn aus sengem Gol komm an huet de Sarenren Bazee säitlech am Strofraum onnéideg zum Fale bruecht. Den Arbitter huet net gezéckt an op Eelefmeter fir Augsburg entscheet, deen den Niederlechner awer net laanscht de Golkipp krut. Den Horn konnt de Ball paréieren an domat säi Feeler nees gutt maachen.
D’Lokalekipp huet weider den Tempo uginn, ass am éischten Duerchgang awer net mat engem Gol belount ginn a sou ass et aus Kölner Siicht mat engem glécklechen 0:0 an d’Paus gaangen.
An der zweeter Hallschent huet Köln der Augsburger Ekipp dann net méi sou vill Fräiheete gelooss an huet och selwer probéiert u Golchancen ze kommen. No enger Stonn haten d’Gäscht méi vum Match an hunn op d’Féierung gedréckt. An de leschte ronn 20 Minutten huet sech d’Drockphas vun de Kölner zwar berouegt, ma de Match sollt awer net ouni Goler op en Enn goen. 5 Minutte viru Schluss war et de kuerz virdrun agewiesselte Modeste, dee mat engem schéine Volley an de laangen Eck Köln a Féierung brénge konnt. Dëse Gol sollt awer net den eenzege bleiwen. An der 88. Minutt ass de Max no enger Flank 5 Meter virum Gol ongestéiert zum Schoss komm an huet sou op 1:1 gläichgestallt. Bei deem Resultat ass et dann no enger turbulenter Schlussphas och bliwwen a sou deele sech béid Ekippen d’Punkten.
Union Berlin - Schalke 1:1
1:0 Andrich (11'), 1:1 Kenny (28')
Am Duell tëscht den zwou schlechtsten Ekippe zanter dem Neistart vun der Bundesliga hate souwuel Union Berlin wéi och Schalke onbedéngt e Succès néideg. D’Lokalekipp huet vun Ufank u probéiert fréi ze attackéieren an ass dann och schonn no 11 Minutte belount ginn. Nodeems de Miranda de Ball am Mëttelfeld verluer huet ass et ganz séier gaangen. Den Ujah konnt de Ball an dem Andrich säi Laf schécken, dee virum Golkipp d’Nerve behalen huet an Union a Féierung bruecht huet.
D’Haushären hunn och no der Féierung de Match bestëmmt a sinn ëmmer nees geféierlech virun de Gol komm. Wéi aus dem Näischt ass dann awer den Ausgläich fir Schalke gefall. An der 28. Minutt huet de Kenny ongestéiert aus der Distanz ofgezunn a konnt domat iwwerraschend op 1:1 setzen.
Nom Ausgläich war de Match dann ausgeglach a bis zur Paus huet sech um Resultat och näischt méi geännert.
Nom Säitewiessel ass vu béiden Ekippen net méi all ze vill komm. De Match huet sech zum gréissten Deel am Mëttelfeld ofgespillt a war vu villen individuelle Feeler bestëmmt. Eng immens schwaach zweet Hallschent, déi net vill ze bidden hat, ass dann och no 90 Minutten op en Enn gaangen an domat bleift et beim 1:1 tëscht Union Berlin a Schalke. D’Ekipp vum Wagner ass domadder zanter 12 Matcher ouni Victoire, dat gouf et bis elo just an der Saison 93/94.
Bremen - Wolfsburg 0:1
0:1 Weghorst (82')
An der éischter Hallschent hu sech béid Ekippen op Aenhéicht gewisen. Bremen huet gutt dogéint gehalen, ma gutt Golchancen sinn et op kenger Säit sou richteg ginn. Déi bescht Chance hat de Weghorst an der 13. Minutt, wéi hien no engem Doppelpass virum Golkipp stoung, ma de Ball just net laanscht gesat krut. No 45 Minutten ass et also ouni Goler an d’Paus gaangen.
Och am zweeten Duerchgang huet sech um Match net vill geännert. Souwuel Bremen wéi och Wolfsburg hunn zwar en Effort no vir gewisen, sou richteg geféierlech ass et awer net ginn. Zum Schluss huet Wolfsburg dann den Drock erhéicht an ass domat ëmmer besser virun de géigneresche Gol komm. An der 81. Minutt war et als éischt de Schlager, dee mat sengem Schoss aus ronn 20 Meter d’Lat getraff huet. Eng Minutt méi spéit ass et dem Weghorst da gelongen, den éischte Gol vum Match ze schéissen. No enger Flank vum Klaus stoung de Wolfsburger Stiermer op der richteger Plaz a konnt mam Kapp d’Féierung markéieren. Bremen konnt dorop keng Äntwert méi weisen a sou geréit d’Ekipp vun der Weser ëmmer méi an Ofstigsnout a bleift op enger Ofstigsplaz. Mat der 1:0-Victoire sammelt Wolfsburg dogéint wichteg Punkten an der Course ëm d’Europa-League-Plazen.
E Samschdeg den Owend huet sech Dortmund eng 1:0-Victoire géint Hertha geséchert
An der 2. Bundesliga huet Karlsruhe e Sonndeg de Mëtteg mam Dirk Carlson mat 0:1 géint Aue verluer. De Lëtzebuerger Nationalspiller war dobäi iwwer 87 Minutten am Asaz. Duerch dës Defaite bleift Karlsruhe weiderhin op der 16. Plaz an der Tabell stoen.