E Samschdeg den Owend huet déi nei Saison am Lëtzebuerger Futtball-Championnat ugefaangen. Am Optaktmatch stounge sech den Opsteiger Schëffleng a Péiteng géigeniwwer. No spannenden 90 Minutten hu se béid Veräiner mat engem 3:3 getrennt. Schëffleng konnt a leschter Sekonn nach ausgläichen a sech ee Punkt sécheren.
Péiteng war däitlech besser wéi d’Lokalekipp an de Match komm. No nëmmen 8 Minutten hat de Merk d’Gäscht mat 1:0 a Féierung bruecht. An der 21. Minutt huet dunn de Sarr op 2:0 erhéicht. Schëffleng krut an der éischter Hallschent bal kee Fouss op de Buedem. Péiteng konnt seng Iwwerleeënheet awer net a weider Goler ëmsetzen. Kuerz virun der Paus ass der Lokalekipp dunn duerch den Herr* den 1:2 gegléckt.
Direkt nom Téi konnt Péiteng duerch den Abreu den Avantage vun 2 Goler nees hierstellen. Den Opsteiger huet sech awer net opginn an esou huet den Herr mat engem weidere Gol an der 57. Minutt nees op 2:3 verkierzt.
Och vun enger giel-rouder Kaart an der 75. Minutt fir de Rodrigues Delgado huet sech d’Ekipp vum Ismaël Bouzid net ophale geloossen. An der 8. Minutt vun der Nospillzäit huet de Macalli nämlech den 3:3 geschoss an domadder Schëffleng ee Punkt geséchert.
E Sonndeg ass et dann d’Suite vum 1. Spilldag.
D’Virschau op déi nei Saison, déi komplett Kaderen an den FL-President Paul Philipp fannt Dir hei.
*An enger éischter Versioun vum Artikel hate mir stoen, datt de Besic déi zwee éischt Goler fir Schëffleng markéiert sollt hunn. Dëst war awer den Herr.