Dowéinst gouf an der Schoul Albert Wingert de Pro-Motion-Projet presentéiert. D'Schoul vu Schëffleng leet grousse Wäert op Beweegungspausen a wëll Kanner esou zum Sport animéieren. Zesumme mat bekannte Sportler gouf dëse Projet presentéiert an d'Kanner aus der Schoul haten d'Méiglechkeet, de Sportler nozekommen an och Froen ze stellen.
100 Kanner hate sech am Turnsall versammelt an hu ganz gespaant nogelauschtert, wat déi grouss Sportler ze soen haten. Beweegung am Schoulalldag an d'Motivatioun zum Sport gëtt am Albert Wingert ganz grouss geschriwwen an d'Léierpersonal huet zesumme mat 10 Sportler de Kanner des Wäerter zousätzlech vermëttelt. D'Schüler hu Froe gestallt, wéi e Sportler zum Beispill mam Drock ëmgeet, ob en dacks trainéiere muss, fir op dem Level kënnen ze spillen, oder wat déi gréissten Challenge an hirer Karriär war.

Wisou gouf dëse Promotion-Dag ofgehalen?
D'Kanner sollen iwwert de Schoulsport an och d'LASEP op de Goût kommen a motivéiert ginn, an hirer Fräizäit reegelméisseg Sport ze maachen, fir en Ausgläich ze fannen an eventuell eng sportlech Karriär anzeschloen. Sport a Beweegung maache schlau. Am Albert Wingert ginn dowéinst iwwert den Dag reegelméisseg Beweegungspause gemaach, fir Konzentratioun ze fërderen.
D'Schoul Albert Wingert wäert an deenen nächsten 22 Méint um europäesche Projet Erasmus+ deelhuelen, ënnert dem Titel „Let's move". Zesumme mat Éisträich, Holland, Däitschland, Finnland, Malta a Zypern gëtt en olympeschen Dag organiséiert, wou d'Kooperatioun an de Fair-Play soll am Mëttelpunkt stoen.
Net nëmme bei de Kanner ass dësen Dag gutt ukomm, mä och d'Sportler hate Spaass an hu sech positiv iwwert de Dag geäussert.
D'Kanner haten op alle Fall richteg Spaass a konnten Autogrammer sammelen a mat de Sportler am Nomëtteg un Atelieren deelhuelen, fir déi eenzel Sportaarten ze probéieren. En plus gouf e spontane Quiz organiséiert, bei deem Schüler Gadgete vun de Sportler gewanne konnten, fir dëse flotte Projet laang an Erënnerung ze halen.
Mat dobäi waren:
Marc Oberweis (Ex-Golkipp vun der Jeunesse Esch)
Shae Winston (Basketspillerin beim T71 Diddeleng)
Julien Henx (Schwëmmer)
DJ Laster (Basketspiller beim T71 Diddeleng)
Mandy Parracho (Weltmeeschterin am Sportkeelen)
Ken Diederich (Basketnationaltrainer)
Amy Thompson (Nationalspillerin am Futtball)
Gilles Müller (Ex-Tennisprofi)
Lavonté Dority (Basketspiller beim T71 Diddeleng)
Cassandra Brown (Basketspillerin beim T71 Diddeleng)