TeamGym-EuropameeschterschaftSchweden ka sech bei den Dammen duerchsetzen

RTL Lëtzebuerg
Um Samschdeg war et de leschten Dag an der Coque um Kierchbierg vun den European Championships am TeamGym.
TeamGym-Europameeschterschaft
Schweden ka sech bei den Dammen duerchsetzen. Bei den Haren huet Dänemark den Titel gewonnen.

Virun enger beandrockender Kuliss, eleng schonn aus Dänemark hu ronn 500 Supporter fir Stëmmung gesuergt, stoungen um Samschdeg d’Entscheedunge bei de Senioren um RDV.

Bei den Dammen ka sech Schweden mat 55.100 Punkten virun Island an Dänemark duerchsetzen. Bei den Hären ass den Titel un Dänemark gaangen.

D‘Lëtzebuerger Juniorinnen hunn et am Virfeld net an d’Finall gepackt gehat. Fir si war et awer nawell eng immens Erfarung an der Coque kënne mat dobäi ze sinn.

Back to Top
CIM LOGO