Futtball-WM vun den DammenSchweden op Plaz 3

RTL Lëtzebuerg
Op der Frae Futtball-Weltmeeschterschaft konnt sech Schweden am Match ëm déi drëtte Plaz 2:0 géint Australien duerchsetzen.
© AFP

Australien bleift bei der Heem-WM domat ouni Medail a muss sech no der Néierlag an der 1/2-Finall géint England och géint Schweden geschloe ginn. D’Schwedinne si besser an de Match komm, hu vun Ufank de Wee an d’Offensiv gesicht a sinn no 30. Minutte per Eelefmeter verdéngt a Féierung gaangen. Nodeems d’Asllani de Score an der 62. Minutt op 2:0 erhéijen konnt, huet Australien wuel nach emol alles no vir geheit, fir den Uschloss sollt et awer net méi duergoen. Schweden gewënnt deemno Bronze op der Futtball-WM vun den Dammen.

E Sonndeg ass d‘Finall tëscht Spuenien an England. De Match gëtt um 12 Auer Lëtzebuerger Zäit ugepaff.

Back to Top
CIM LOGO