Europa LeagueSébastien Thill a Sheriff Tiraspol no Eelefmeterschéissen eliminéiert

RTL Lëtzebuerg
Nieft Braga kënne sech nach Barcelona, Glasgow Rangers, Leipzig, FC Sevilla, Atalanta Bergamo, Porto a Betis Sevilla fir d'Aachtelsfinall qualifizéieren.
© AFP (Archiv)

Schonn an der éischter Hallschent konnt Braga den 0:2-Réckstand aus dem Allersmatch ophuelen, sou datt et no 90 Minutten tëscht de Portugisen a Sheriff Tiraspol an d’Verlängerung gaangen ass. Och hei ass keng Entscheedung gefall, sou datt d’Eelefmeterschéissen huet misse fir d’Entscheedung suergen. An dësem konnt de Sébastien Thill säin Eelefmeter zwar eraschéissen, mee um Enn konnt Braga dëst awer mat 3:2 fir sech entscheeden.

Am Top-Duell tëscht dem SSC Neapel an dem FC Barcelona kënne sech d’Spuenier um Enn mat 4:2 géint d’Italiener duerchsetzen a stinn domadder an der nächster Ronn. D’Goler fir Barcelona hunn de Jordi Alba, F. de Jong, Piqué an Aubameyang geschoss. Fir Neapel hunn den Insigne an de Politano getraff.

Nom Iwwerraschenden 2:4 doheem géint Glasgow Rangers, wollt Dortmund dëst am Retourmatch nees gutt maachen. Mee och zu Glasgow huet sech d’Borussia schwéier gedoen an d’Schotten hunn hinne virun enger fantastescher Kuliss näischt geschenkt. Um Enn trenne sech béid Ekippe mat engem 2:2, sou datt Dortmund fréi aus der Europa League ausscheet.

Géint Real San Sebastian huet Leipzig eng staark Leeschtung gewisen a steet no enger 3:1-Victoire verdéngt an der Aachtelsfinall. Nodeems den Orban an de Silva RB mat 2:0 a Féierung bruecht hunn, si se just kuerz ënner Drock geroden, nodeems den Zubimendi op 1:2 verkierzt huet. Mat engem Eelefmeter an der 89. Minutt huet de Forsberg awer alles kloer gemaach.

Am Réckmatch huet sech den FC Sevilla zwar mat 0:1 zu Zagreb misse geschloe ginn, mee duerch eng 3:1-Victoire am Allersmatch virun enger Woch hu se de Schratt an déi nächst awer realiséiert. De Gol fir Dinamo Zagreb huet den Orsic duerch en Eelefmeter an der 65. Minutt geschoss. An der Nospillzäit huet bei Sevilla den Delaney nach déi giel-rout Kaart gesinn.

Keng Problemer mat sengem Géigner Olympiakos Piräus hat Atalanta Bergamo. Nodeems de Maehle Atalanta an der 40. Minutt a Féierung bruecht huet, huet de Malinovskyi an der 2. Hallschent mat 2 Goler an 3 Minutten alles kloer gemaach. Kumuléiert setzt sech Bergamo mat 5:1 duerch a steet an der Aachtelsfinall.

Nodeems Porto den Allersmatch mat 2:1 doheem géint Lazio Roum gewanne konnt, hu se sech am Réckmatch laang schwéier gedoen, mee konnte sech schlussendlech mat Hëllef vun engem 2:2 fir d’Aachtelsfinall qualifizéieren.

Betis Sevilla an Zenit St. Petersburg trenne sech mat engem 0:0 an domadder ass Sevilla eng Ronn weider nodeems se den Allersmatch mat 3:2 fir sech entscheet haten.

Déi komplett Resultater

Back to Top
CIM LOGO