Europa LeagueSébastien Thill markéiert bei Victoire vun Tiraspol, Rangers iwwerrenne BVB

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg den Owend war den Optakt vun der K.O.-Phas an der Europa League, wou ënnert anerem och e Lëtzebuerger am Asaz war.
© AFP (Archiv)

Sheriff Tiraspol huet sech en Donneschdeg den Owend am Allersmatch vum K.O.-Ronnen-Play-off mat 2:0 géint Braga gewonnen. Den éischte Gol vum Match huet de Lëtzebuerger Nationalspiller Sébastien Thill an der 43. Minutt vum Eelefmeterpunkt aus markéiert. Den Traoré huet an der 83. Minutt op 2:0 gestallt.

D’Glasgow Rangers hunn iwwerdeems fir eng fauschtdéck Iwwerraschung gesuergt, andeems si kloer an däitlech mat 4:2 zu Dortmund gewonnen hunn. Nodeems den Tavernier d’Schotte per Eelefmeter a Féierung bruecht huet, konnt de Morelos zweemol an de Lundstram eemol noleeën. Op Säite vum BVB hunn de Bellingham an de Guerreiro fir d’Goler gesuergt. Mat 4:2 iwwerrennen d’Rangers schlussendlech also de BVB.

Betis Sevilla huet an engem spektakuläre Match mat 3:2 géint Zenit St. Petersburg gewonnen. Déi 5 Goler vum Match sinn alleguerten an der éischter Hallschent gefall, ma och an der zweeter Hallschent kruten Spectateuren nach flott Aktiounen ze gesinn.

Kee Gewënner gouf et tëscht dem FC Barcelona an SSC Neapel. Nodeems den Zielinski d’Italiener an der 29. Minutt a Féierung bruecht huet, konnt de Ferran Torres an der 59. Minutt den Ausgläich markéieren.

Atalanta Bergamo konnt sech opgrond vun engem Doppeplack bannent 2 Minutte vum Djimsiti mat 2:1 géint Olympiakos Piräus duerchsetzen.

Tëscht RB Leipzig a Real Sociedad gouf et en 2:2-Remis. De Le Normand huet d’Spuenier an der 8. Minutt schonn a Féierung bruecht, ier den Nkunku ausgläiche konnt. An der zweeter Hallschent hu béid Ekippe per Eelefmeter getraff. Den Oyarzabal fir d’Ekipp vu San Sebastian an de Forsberg fir Leipzig.

Porto wënnt no engem 0:1-Réckstand nach mat 2:1 géint Lazio Roum. Den Toni Martinez huet béid Goler fir d’Ekipp aus Portugal markéiert.

Méi eng souverän Victoire gouf et fir den FC Sevilla. D’Spuenier hu mat 3:1 géint Dinamo Zagreb gewonnen. Nodeems de Rakitic Sevilla duerch en Eelefmeter a Féierung bruecht huet, konnt den Orsic nach virun der Paus ausgläichen. An der zweeter Hallschent hunn Ocampos a Martial fir d’Victoire gesuergt.

Back to Top
CIM LOGO