Lëtzebuerger Futtballer am AuslandSheriff Tiraspol a Sébastien Thill packen et an d'CL-Gruppephas

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch den Owend war mam Sébastien Thill e Lëtzebuerger an der leschter Ronn vun der Champions-League-Qualifikatioun am Asaz.
© RTL

Nom 3:0 am Allersmatch stoungen d’Chancë fir Tiraspol gutt, et an d’Gruppephas ze packen. Am Retourmatch vum Playoff hu si sech den Avantage net méi huele gelooss a Remis géint d’Géigner aus Kroatien gespillt. Béid Ekippen hu sech mat engem 0:0 vum Terrain getrennt. De Lëtzebuerger Sébastien Thill huet déi 90 Minutten duerchgespillt.

De Christopher Martins hat sech en Dënschdeg mat de Youngs Boys fir d’Gruppephas vun der Champions League qualifizéiert. Mat dobäi ass och de Gerson Rodrigues mat Dynamo Kiew.

Den Iwwerbléck vun der Resultater

Back to Top
CIM LOGO