
Nodeems d’Young Boy Bern mam Lëtzebuerger Christopher Martins den Allersmatch géint Ferencvaros mat 3:2 fir sech entscheede konnten, war en Dënschdeg de Retourmatch an Ungarn, wou de Lëtzebuerger Nationalspiller an der Starteelef stoung.
Bern konnt schonns fréi duerch e Gol vum Zesiger an der 4. Minutt a Féierung goen, huet duerno awer och séier missen 2 Réckschléi astiechen. An der 18. Minutt konnt de Wingo nämlech ausgläichen, éier de Ryan Mmaee fir d’Ungaren den 2:1 markéiert huet.
De Ryan Mmaee ass iwwregens de klenge Brudder vum Jacky Mmaee, deen ee méiglecherweis aus senger Zäit zu Wolz, Nidderkuer oder vum Racing kennt.
Nom Säitewiessel hunn d’Young Boys dunn awer nach eemol eng Äntwert bruecht, an der 56. Minutt konnt de Fassnacht nämlech den 2:2 schéissen.
De Felix Mambimbi vu Bern huet an der 93. Minutt du fir d'3:2-Schlussresultat gesuergt an domat stinn d’Young Boys an der Gruppephas vun der Champions League. De Lëtzebuerger Nationalspiller huet de Match duerchgespillt.
Weider huet Benfica Lissabon Eindhoven eliminéiert a Malmö packt et géint Ludogorez en Tour weider.