
En Dënschdeg den Owend kënnt et zum Match tëschent dem däitsche Champion Bayern München an dem Coupegewënner Borussia Dortmund.
No der 5:2-Victoire géint Frankfurt e Samschdeg geet de BVB als liichte Favorit an dëse Match. Allerdéngs muss d’Ekipp vum Trainer Marco Rose verletzungsbedéngt op eng Rëtsch Spiller verzichten. Niewent dem Thorgan Hazard mussen och de Mats Hummels, den Emre Can an de Raphaël Guerreiro nokucken.
De Rekordchampion Bayern München kënnt ënnert dem neien Trainer Julian Nagelsmann nach net sou richteg an Trëtt. No 3 Néierlagen a 4 Preparatiounsmatcher an dem 1:1-Remis géint Gladbach e Freideg, ass eng Victoire géint de Konkurrent aus Dortmund Flicht. Par Rapport zum Match zu Gladbach ass de Corentin Tolisso nei am Kader. De Benjamin Pavard, de Marc Roca an de Lucas Hernandez si verletzungsbedéngt weiderhin net mat dobäi.
Am Virfeld vum Match gëtt eng Gedenkminutt fir deen e Sonndeg verstuerwene Gerd Müller gehalen.