
Den däitsche Futtball trauert ëm ee vu senge gréissten Helden. Den als “Bomber der Nation” geféierte fréiere Weltklass-Stiermer ass dout. “Haut steet d’Welt vum FC Bayern stëll”. Den däitsche Rekordchampion a seng Supporter traueren ëm de Gerd Müller, deen e Sonndeg de Moien am Alter vu 75 Joer gestuerwen ass. Dat huet den FC Bayern iwwert déi sozial Medien matgedeelt.
De Gerd Müller gëllt als ee vun de beschter Stiermer vun allen Zäiten. Zu München huet hien a 607 Matcher 566 Goler geschoss an hält bis haut de Rekord vun 365 Goler an der Bundesliga.
An der Bundesliga-Saison 1971/1972 hat hie 40 Goler markéiert. Eréischt déi lescht Saison ass dem Robert Lewandowski mat 41 Goler een neie Rekord gelongen.
Och fir déi däitsch Nationalekipp ass de Gerd Müller op Gol-Juegd gaangen. Bei 62 Asätz huet hien 69 Mol getraff.
Och un Titelen huet de Müller alles gewonnen, wat ee konnt gewannen. Véier Mol Däitsche Champion, véier Mol DFB-Pokal-Gewënner, Weltpokal, dräi Mol den Europapokal vun den nationale Championen an eemol den Europapokal vun de Coupegewënner. Mam DFB-Team gouf hien 1972 Europameeschter an 1974 Weltmeeschter. An der WM-Finall zu München huet hie géint Holland den decisive Gol geschoss.
No senger Karriär beim FC Bayern München war hie laang als Trainer dem Nowuess erhale bliwwen. De Gerd Müller hat Alzheimer an huet déi lescht siwe Joer an engem Fleegeheem gelieft. De Müller hannerléisst seng Fra Uschi an eng Duechter.