VéierschanzentournéeSloween Anze Lanisek wënnt zu Garmisch-Partenkirchen dat 2. Sprangen

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg war et zu Garmisch-Partenkirchen den 2. Dag vun der traditioneller Véierschanzentournée.

De Sloween Anze Lanisek huet op Neijooschtdaag dat zweet Sprange vun der Véierschanzentournée gewonnen. Dat virum Japaner Ryoyu Kobayashi an dem Andreas Wellinger aus Däitschland. De Lanisek ass bei sengen 2 Sprénge 136 an 137 Meter wäit gesprongen.

Am General läit de Wellinger (600,7 Punkten) weider op der éischter Plaz, dat ganz knapp mat 1,8 Punkte virum Kobayashi. De Stefan Kraft huet op der 3. Plaz am General en Ofstand vu 25,2 Punkten.

Dat nächste Sprangen ass e Mëttwoch zu Innsbruck. Den Ofschloss ass dann zu Bischofshofen, wou dann och de Gewënner vun der Véierschanzentournée gekréint gëtt.

Back to Top
CIM LOGO