
An der Bundesliga bleift d’Lutte ëm d’Meeschterkroun weiderhi spannend.
Spezia huet an der Serie A iwwerraschend géint den AC Mailand gewonnen. Fir d’Gäscht sinn d’Champions-League-Plazen nees e Stéck méi wäit fortgeréckelt.
Leeds United - Newcastle 2:2
1:0 Ayling (7'), 1:1 Wilson (31', Eelefmeter), 1:2 Wilson (69', Eelefmeter), 2:2 Kristensen (79')
Den 2:2-Remis huet kenge vu béiden Ekippe gehollef. Newcastle konnt sech an der Lutte ëm d’Champions-League-Plazen net entscheedend ofsetzen. D’Heemekipp huet sech ënnenof net vun den Ofstigsplaze befreit. Dobäi hat et fir Leeds an den éischten 30 Minutten gutt ausgesinn. No der 1:0-Féierung krut een en Eelefmeter zougesprach, deen de Bamford awer net erakrut. Op der anerer Säit huet de Wilson aus 11 Meter getraff. No der Paus huet dee selwechte Spiller d’Partie mat engem weideren Eelefmeter gedréint. D’Heemekipp huet net opginn a konnt an der 79. Minutt nach ausgläichen. Eng rout Kaart fir de Junior vu Leeds sollt um Resultat och näischt méi änneren.
Manchester United - Wolverhampton 2:0
1:0 Martial (32'), 2:0 Garnacho (90+4')
ManU huet vum Remis vu Newcastle profitéiert, fir an der Tabell mat de Magpies gläichzezéien. Der Ekipp vum Erik ten Haag huet sech mat 2:0 géint Wolverhampton duerchgesat. D’Red Devils hunn de Match vun Ufank bis zum Schluss dominéiert, hunn et awer nom 1:0 duerch de Martial verpasst, de Match fréizäiteg mat engem 2. Gol ze entscheeden. An der Nospillzäit ass dat awer dem Garnacho gelongen.
Aston Villa - Tottenham Hotspur 2:1
1:0 Ramsey (8'), 2:0 Douglas Luiz (72'), 2:1 Kane (90', Eelefmeter)
No der 1:2-Defaite géint Aston Villa, muss Tottenham oppassen, net komplett aus den internationale Plazen erauszefalen. D’Heemekipp huet duerch de Succès elo genau souvill Punkte wéi hire Géigner. Nodeems Aston Villa bis an d’Schlussphas mat 2:0 vir louch, ass Tottenham ze spéit erwächt. De Kane huet an der 90. Minutt no engem Eelefmeter verkierzt. De Son huet an der leschter Sekonn souguer nach emol markéiert, stoung dobäi awer am Abseits.
Southampton - Fulham 0:2
0:1 Carlos Vinicius (48'), 0:2 Mitrovic (72')
Duerch d'0:2-Néierlag géint Fulham steet Southampton als éischten Ofsteiger fest.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Spezia Calcio - AC Mailand 2:0
1:0 Wisniewski (75'), 2:0 Esposito (85')
No der Defaite ënnert der Woch an der Champions League hu sech d’Rossoneri géint Spezia blaméiert. Den Ofstigskandidat war iwwer wäit Strecke vun der Partie méi staark wéi d’Gäscht an huet sech an der leschter Véierelsstonn mat 2 Goler belount. Wärend d’Champions-League-Plaze fir Mailand méi wäit wech réckelen, huet d’Heemekipp ëmmer nach d’Méiglechkeet, fir an der Serie A ze bleiwen.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Real Sociedad - Girona 2:2
1:0 Oyarzabal (5'), 2:0 Silva (24'), 2:1 Couto (37'), 2:2 Stuani (45+3')
Fir Real Sociedad hat d’Partie optimal ugefaangen. No 25 Minutte war d’Ekipp aus San Sebastian no Goler vun Oyarzabal a Silva schonns mat 2:0 vir. D’Gäscht sinn awer nach virun der Paus zréckkomm an hu mat hiren 2 éischte Chancen 2 Goler markéiert. Nom Téi war d’Partie ausgeglach a bis zum Schluss sollte keng Goler méi falen. D’Heemekipp bleift op der 4. Plaz an der Tabell.