
Bayern huet géint Schalke souverän mat 6:0 gewonnen. De Müller, deen nees vun Ufank u gespillt huet, konnt den 1:0 fir seng Faarwe markéieren. De Kimmich huet no engem Eelefmeter de Virsprong verduebelt. Nom Téi hunn de Gnabry mat 2 Goler, den Tel an de Mazraoui fir d’Endresultat gesuergt.
Union Berlin huet Freiburg doheem mat 4:2 geklappt an huet elo gutt Chancen nächst Saison an der Champions League ze spillen. De Mann vun der éischter Hallschent war de Becker. Den 1:0 vum Behrens konnt de Stiermer virbereeden, déi 2 aner Goler an der 1. Hallschent huet de Becker selwer markéiert. D’Gäscht hunn an der 2. Hallschent en anert Gesiicht gewisen a sinn duerch de Gulde an de Grifo no engem Eelefmeter op 2:3 erukomm. Freiburg war weiderhin déi besser Ekipp, mee de nächste Gol sollt duerch de Laidouni op der anerer Säit falen.
Bochum huet e ganz wichtegen 3:2-Succès géint Augsburg gefeiert. E perfekte Start an d’Partie ass Bochum gelongen. Et ware keng 2 Minutte gespillt wéi den Antwi-Adjei den 1:0 markéiert huet. Augsburg huet awer dogéint gehalen an huet duerch de Maier an der 29. Minutt ausgeglach. Nom Säitewiessel hunn de Goueweleeuw mat engem Selbstgol an de Losilla Bochum mat 3:1 vir bruecht. An der Schlussphas huet den Augsburger Yeboah verkierzt an et sollt nach emol spannend ginn. Um Enn huet Bochum duerch den Erfolleg d’Ofstigsplaze verlooss.
Frankfurt huet sech donieft géint Mainz mat 3:0 duerchgesat. D’Goler hunn de Kamada, de Buta an de Kolo Muani markéiert.
Wolfsburg huet en 2:1-Erfolleg géint Hoffenheim gefeiert. D’Heemekipp war duerch de Kaminski an de Waldschmidt 2:0 a Féierung gaangen. Den 2:1 duerch e Selbstgol vum Guilavogui koum fir d’Gäscht ze spéit.
Am Owesmatch huet Dortmund souverän mat 5:2 géint Gladbach gewonnen. No 32 Minutte stoung et schonns 4:0 fir de BVB. De Malen, de Bellingham op Eelefmeter an zweemol den Haller hunn de Ball am Gladbacher Filet ënnerbruecht. No der Paus huet d’Heemekipp de Match géréiert an d’Gäscht koumen duerch de Bensebaini an de Stindls op 2:4 erun. An der Nospillzäit huet de Reyna op 5:2 erhéicht. De BVB bleift domadder 1 Punkt hannert de Bayern.
Klickt hei, fir op d’Säit mat all de Resultater ze kommen.
D’Klickt op de Match, fir d’Statistiken ze gesinn.