
An normalen Zäite gëtt vun de Politiker ëmmer gär betount, wéi wichteg Sport a Beweegung fir d'Gesondheet ass. Elo an der Coronazäit huet een awer net méi esou vill dovun héieren. Een deen dat bedauert, ass de fréiere Commissaire aux Sports Guy Fusenig.
An den An vum fréieren héchste Beamten am Sportministere hätt ee grad an dëser Zäit de Stellewäert vum Sport kënnen ervirsträichen.
De Guy Fusenig war ënner 3 Sportministeren, der Anne Brasseur, dem Jeannot Krecké an dem Romain Schneider, vun 2001 bis 2012 éischte Mann am Sportministere. De studéierten an elo pensionéierte Sportsproff kennt de Benefice vun der Beweegung a vum Sport natierlech ganz gutt:
"Ech hätt mer erwaart, datt iwwer COSL a Sportministere aner Institutioune méi proaktiv Reklamm fir de Sport an d'sportlech Betätegung gemaach gi wär. D'Leit hate jo Zäit mat hire Kanner an et wär eng Ofwiesslung an dëser trister Zäit gewiescht."
Fir de Guy Fusenig, deen och President vum Futtball-Club CS Gréiwemaacher ass, misst de Sport och lo am Deconfinement eng wichteg Roll spillen, wann et ëm déi zukünfteg Gesondheet vun der Natioun geet. Fir hie kann et jiddwerfalls net sinn, datt d'Sportinfrastrukture bis den 31. Juli géifen zou bleiwen:
"Zu deem Thema hu sech jo an de leschten Deeg verschidde Federatiounen geäussert. Rheinland-Pfalz ass zanter dem 20.4 op, a Frankräich sollen eng Rei Saachen den 11.5 opgoen. Fir déi Entscheedung ze huelen, ass et ganz wichteg, dass déi richteg Leit um Dësch zesumme sëtzen: Politik, Wëssenschaft an och de Sport. D'Sécherheetsmesurë musse respektéiert ginn. Ech si sécher, datt do alles gutt kéint oflafen. Eis Trainere si mëttlerweil gutt ausgebilt, datt si wëssen, wéi se pedagogesch misste virgoen, fir datt d'Kanner, déi Jugendlech an déi Erwuesse wäit genuch ausenee bleiwen, fir där sportlecher Aktivitéit nozegoen, déi se am léifsten maachen."
De Guy Fusenig selwer huet elo wärend der Coronakris vill dovu profitéiert, fir Vëlo ze fueren oder trëppelen ze goen. Dat wat dem fréiere Commissaire aux sports awer vill feelt, ass de soziale Kontakt an d'Veräinsliewen.