
D’Dokumenter goufe vum Verwaltungsgeriicht fir Sport (TAD) ugefrot, dat e Méindeg mat der Kontroll vun zwou Reklamatioune vun der Regierung géint dem Rubiales säi Verhale bei der Finall vun der Frae-WM ugefaangen huet.
D’Regierung reprochéiert dem Luis Rubiales “immens schwéier Strofdoten”. D’Reklamatioune bezéie sech op “Amtsmëssbrauch” an “Handlungen, déi d’Würd an den Anstand vum Sport ënnergruewen”.
Sollt d’TAD d’Reklamatiounen unhuelen an e Prozess aleeden, kann den Nationale Sportrot de Rubiales bannent 48 Stonne bis zu de endgülteger Decisioun vum Geriicht suspendéieren. Schonn e Samschdeg hat FIFA de 46 Joer ale virleefeg fir 90 Deeg suspendéiert.
RTL-News: Federatioun fuerdert Récktrëtt: Mamm vum Luis Rubiales geet an den Hongerstreik