Futtball-WMSpuenien ass Weltmeeschter

RTL Lëtzebuerg
An der Finall hu sech d'Spuenierinne mat 1:0 géint England duerchgesat.
© AFP

D’Dammen aus Spuenien hu sech am Futtball fir d’éischte Kéier de Weltmeeschtertitel geséchert. E Sonndeg huet ee sech an enger spannender Finall zu Sydney mat 1:0 géint den Europameeschter England behaapt.

Déi spuenesch Kapitänin Olga Carmona (29') huet viru 75.784 Fans den decisive Gol geschoss.

D’Enttäuschung op Säite vun England war nom geplatzten Dram vum éischte WM-Titel zanter 57 Joer grouss. Spuenien ass no Däitschland déi zweet Natioun, déi bei de Männer (2010) an de Fraen de WM-Titel gewanne konnt.

Wärend d’Trainerin vun den Englännerinnen Sarina Wiegman bei hirer véierter Finall noeneen (zweemol EM, zweemol WM) op Kontinuitéit gesat huet, huet den Trainer vu Spuenien Jorge Vilda mat senger Opstellung iwwerrascht. D’Weltfuttballerin Alexia Putellas souz nämlech bis zu hirer Awiesslung an der 90. Minutt just op der Bänk. Amplaz huet déi 19 Joer jonk Salma Paralluelo ugefaangen.

De Match huet direkt intensiv ugefaangen a béid Ekippen hunn de Wee no vir gesicht. Mat engem Schoss un d’Lat hat d’Hemp an der 16. Minutt déi éischt geféierlech Chance am Match. Sekonnen drop hat d’Redondo d’Féierung um Fouss, ma d’Earps konnt dës mat engem staarke Reflex verhënneren. An der 29. Minutt huet dunn d’Carmona mat engem stramme Lénksschoss an de laangen Eck e spuenesche Konter no engem Ballverloscht vum Bronze erfollegräich ofgeschloss. D’Paralluelo huet an der Nospillzäit vun der éischter Hallschent nach de Potto getraff.

Nom Säitewiessel huet England op den Ausgläich gedréckt, ma géint d’Spuenierinne war einfach keen Duerchkommen. No engem Handspill vum Walsh am Strofraum huet d’Arbittesch Penso (USA) an der 70. Minutt op de Punkt gewisen. D’Hermoso ass allerdéngs um Earps gescheitert an huet d’Virentscheedung verpasst.

D’Lionesses hu bis zum Schluss alles probéiert, ma si hunn an der spuenescher Defense einfach kee Lach fonnt, fir e Gol ze markéieren.

Spuenien ka sech deemno mat 1:0 behaapten a sech iwwert de WM-Titel freeën.

Back to Top
CIM LOGO