Nations LeagueSpuenien géint Italien a Frankräich géint d'Belsch an der Halleffinall

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg den Owend war den Tirage vun den Halleffinallen an der Nations League.

An der éischter Halleffinall kënnt et zum Duell tëscht Spuenien an Italien an an där aner Halleffinall mussen eis Nopeschlänner Frankräich an d’Belsch géinteneen untrieden.

Spuenien géint Italien gëtt de 6. Oktober zu Mailand am San Siro gespillt a Frankräich géint d’Belsch een Dag méi spéit zu Turin am Stadion vu Juventus.

D’Finall ass dann den 10. Oktober zu Mailand.

Back to Top
CIM LOGO