NFLStar-Quarterback Drew Brees hänkt nach ee Joer drun

RTL Lëtzebuerg
De Quarterback vun den New Orleans Saints bleift der National Football League nach ee weidert Joer erhalen.
© AFP

An der lescht gouf et Rumeuren, dass den 41 Joer ale Sportler wuel net weider géing spillen. Dëse Spekulatiounen huet hien elo awer een Enn gesat. Op Instagram huet hie geschriwwen: "Komm mir woen nach een Ulaf". Fir de Brees steet domat déi 20. Saison virun der Dier. Mat 547 Touchdown-Päss hält de gebiertegen Texaner de Rekord ënner all de Quarterbacks.

De Brees huet vun 2001 bis 2005 fir d'San Diego Chargers gespillt an dréit zanter 2006 den Dress vun de Saints. "010 konnt hie mat hinnen de Super Bowl gewannen.

Och an de leschte Joren hu si ëmmer nees zu de Favoritte gezielt. Allerdéngs ass et an de leschte Joren an de Playoffs net esou gutt gelaf fir d'Ekipp ronderëm de Brees.

Back to Top
CIM LOGO