
Den Allersmatch haten d’Jonge vum Verluerekascht am Stade de Luxembourg mat 1:4 verluer, esou datt d’Chancen op e Weiderkomme schonns relativ kleng waren.
An och en Donneschdeg am Retourmatch hat de Stater Racing net vill ze laachen. An der Paus louch een duerch zwee Goler vum Badamosi schonns mat 0:2 hannen.
Och nom Säitewiessel ass et net vill besser gelaf fir de Lëtzebuerger Vertrieder. D’Serben konnten a Persoun vum Ivanovic a Spasojevic nach zweemol markéieren a wannen also de Retourmatch däitlech mat 4:0. Domat ass de Stater Racing eliminéiert an d’Aventure Europa eriwwer.