SchifléienStefan Kraft setzt sech zu Bad Mitterndorf duerch

RTL Lëtzebuerg
Op déi zweete Plaz kënnt de Ryoyu Kobayashi aus Japan virum Timi Zajc aus Slowenien.

E kuriéise Schluss ass et e Sonndeg zu Bad Mitterndorf an Éisträich ginn. Dat nodeems d'Schifléien wéinst schlechte Wiederkonditiounen am zweeten Duerchgang ofgebrach ginn ass. Doropshin huet d'Jury beschloss, déi dräi Lescht net méi sprangen ze loossen an d'Resultater vum éischten Duerchgang ze huelen.

Domat setzt sech de Stefan Kraft mat 232.60 Punkten duerch, dat virum Ryoyu Kobayashi, dee mat 231.90 Punkten op déi zweet Plaz kënnt. Als Drëtten huet et den Timi Zajc aus Slowenien mat 230.10 Punkten op de Podium gepackt.

Den nächste Weekend geet et zu Rasnov a Rumänien weider.

Back to Top
CIM LOGO