
Sollte sech am éischte Saz nach d’Damme vu Mamer duerchsetzen, war d’Konkurrenz vu Stengefort um Enn déi méi staark Ekipp.
E Samschdeg sollt eigentlech d’Suite vun de Finalle sinn, ma wéinst e puer Corona-Fäll muss d’Partie tëscht Gym a Walfer ofgesot ginn. Dat huet de Volleyball-Verband e Freideg am fréien Owend matgedeelt.
Bei den Häre kéint sech Stroossen mat enger weiderer Victoire géint Bartreng schonn den Titel sécheren. A bei den Damme geet Walfer och nach eng Victoire géint d’Gym duer. Déi Partie gëtt awer net e Samschdeg gespillt, dat well de Match wéinst Corona ofgesot gouf.