Wéinst CoronavirusStinn d'Olympesch Spiller zu Tokio 2020 op der Kipp?

Franky Hippert
Vum 24. Juli bis de. 9. August sollen an der japanescher Haaptstad d'Olympesch Spiller organiséiert ginn.
© afp

Den Ament steet allerdéngs d'Fro am Raum, ob se wéinst dem Coronavirus ofgesot, respektiv ëm ee Joer solle verluecht ginn. Et ass op jiddwerfalls net méi ganz auszeschléissen, dat ass op enger Rei Plazen ze héieren.

Den Kanadier Dick Pound, deen zanter 1978 am Internationalen Olympesche Comité ass, an domat am Längsten am IOC siegéiert, huet lo an engem Interview gesot, datt Enn Mee déi definitiv Decisioun fält, ob d'Olympesch Spiller dëst Joer sinn oder net. Bis dohin géif een da besser gesinn, wou ee mam Coronavirus drun ass.

Wat de Lëtzebuerger Comité Olympique ugeet, huet den COSL den nächste Méindeg Verwaltungsrot. Et steet een och a Kontakt mat der Lëtzebuerger Ambassade zu Tokio, sot eis den Directeur Technique vum Comité Olympique, Heinz Thews. Nom C.A. e Méindeg kréien d'Sportler dann d'Positioun an d'Approche matgedeelt, wéi et an de nächste Wochen a Méint soll viru goen.

Back to Top
CIM LOGO