VolleyballStroossen bei den Hären a Walfer bei den Damme wannen déi éischt Finall

RTL Lëtzebuerg
Am Playdown vun den Häre gouf et dann déi éischte Victoire fir Iechternach.

Dammen

D’Gym ass an der éischter Finall besser an de Match gestart a konnt zu Walfer mat 1:0 a Féierung goen. Ma dono hunn d’Damme vu Walfer de Match gedréint a konnte sech déi éischt Finall mat 3:1 (20:25, 25:21, 26:24, 25:18) sécheren. An enger Woch treffe da béid Ekippen op der Gym openeen a Walfer kéint hei de Sack zoumaachen an hiren Titel verdeedegen.

Volleyball: Walfer wënnt déi 1. vu méiglechen 3 Finallen
Mat 3:1 konnt d’Damme vu Walfer sech doheem géint d’Gym behaapten.

Hären

Bei den Hären gouf e Samschdeg déi éischt Finall tëscht Stroossen a Bartreng gespillt an d’Heemekipp huet dës däitlech fir sech entscheet, dat mat 3:0 (25:17, 25:18, 25:17). Domadder kënne sech déi Stroossener an enger Woch beim zweete vu méiglechen 3 Matcher schonn de Championstitel am Volleyball sécheren a genau wéi Walfer bei den Dammen den Titel verdeedegen.

Playdown

Am Playdown bei den Häre gouf et déi éischte Punkte fir Iechternach. Si konnte sech 3:2 (15:25, 25:21, 25:21, 22:25, 15:13) doheem géint den aktuelle Leader Luerenzweiler duerchsetzen.

Back to Top
CIM LOGO