Ma virum eegene Public sollt et en Dënschdeg den Owend net fir eng zweet Victoire duergoen. Stroosse verléiert de Match géint d’Gäscht aus der Slowakei mat 1:3 (17:25, 25:17, 19:25, 20:25).
No béide Matcher huet d’Ekipp aus der Slowakei also insgesamt 5 Sätz fir sech decidéiert. Stroossen kënnt dogéint nëmmen op 4 gewonne Sätz an ass domadder aus dem Challenge Cup eliminéiert.
E Mëttwoch den Owend huet iwwerdeems och de VC Luerenzweiler den Dram vum Challenge Cup misse opginn. No der 1:3-Néierlag heiheem, hu Chris Zuidberg a Co. och a Rumänien géint Bukarest verluer a sinn domat eliminéiert.