VolleyballStroossen séchert sech Championstitel

RTL Lëtzebuerg
De VC Stroossen ka säi Championstitel aus der leschter Saison verteidegen. Déi Stroossener gewanne kloer mat 3:0 zu Bartreng.
Doublé fir Stroossen am Volleyball
An der zweeter Finall huet ee sech nees kloer géint Bartreng duerchgesat an esou no der Coupe och de Championstitel gewonnen.

De VC Stroossen huet am zweete Match vun der Best-of-Three-Serie d’Titelverdeedegung kloer gemaach. No dräi Sätz housch et am Bartrenger Centre sportif Niki Bettendorf 3:0 fir d’Gäscht. Den éischten an den drëtte Saz ware mam Resultat 25:19 fir Stroossen nach am spannendsten, den zweete Saz war mat 25:17 zu Gonschte vum VCS nach méi kloer ausgaangen.

Playdown

Bei den Häre spillen Iechternach an Amber-Lënster de Barragematch.

Dammevolleyball

Bei den Dammen ass dëse Weekend nach keng Decisioun gefall. Déi zweet Finall tëscht der Gym a Walfer gouf wéinst Corona ofgesot. Den Titelverdeedeger Walfer läit an der Serie 1:0 vir.

Playdown

Bei den Damme steigt Fenteng of an Iechternach op. De Barragematch spillen Dikrech an Esch.

Back to Top
CIM LOGO