Volleyball-Challenge-CupStroossen wënnt den Allersmatch géint Bartreng

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch den Owend stounge sech an den 1/32-Finalle vum Challenge Cup am Volleyball déi zwee Lëtzebuerger Veräiner Bartreng a Stroossen géintiwwer.
© pressphoto (Archiv)

Et war schonn e groussen Zoufall, datt grad déi zwee Veräiner aus dem Grand-Duché an den 1/32-Finalle vum Challenge Cup hu misse géinteneen untrieden. Um Enn huet Stroossen géint Bartreng d’Iwwerhand behalen.

De Champion a Coupegewënner huet sech mat 3:1 (25:22, 25:18, 14:25, 25:17) zu Bartreng duerchgesat.

De Retourmatch ass den 19. Oktober um 19.30 Auer zu Stroossen.

Back to Top
CIM LOGO