Nationale Schi-Championnat zu AdelbodenTen Raa-Schwësteren triumphéieren am Slalom, Victoiren och fir Victor Catel a Roby Turpel

RTL Lëtzebuerg
Am Schwäizer Adelboden goufen de Weekend am nationale Schi-Championnat och d'Courssen am Slalom gefuer.

Bei den Damme waren et souwuel am Riseslalom wéi och am Spezial-Slalom d’Ten Raa-Schwëstere Gwyneth a Laurence, déi sech un der Spëtzt vum Klassement ofsetze konnten. D’Gwyneth Ten Raa koum am Riseslalom mat enger Zäit vun 1:18:94 op déi éischt Plaz, virun hirer Schwëster Laurence, déi mat enger Zäit vun 1:26:30 Zweet ginn ass. D’selwescht am Spezial-Slalom, wou d’Gwyneth op eng Zäit vun 1:06:51 an d’Laurence op eng Zäit vun 1:17:93 koum.

Bei den Häre konnt sech am Riseslalom de Victor Catel als Beschtplacéierten duerchsetzen, mat enger Zäit vun 1:17:06, virum William Lindfors deen op 1:21:29 koum. Séiersten am Spezial-Slalom war de Roby Turpel mat 1:10:10. Och hei goung déi zweet Plaz nees un de William Lindfors.

Liest dozou och hei:

D’Resultater am Detail:

D'Resultater vum Riseslalom bei den Dammen am Detail
D'Resultater vum Spezial-Slalom bei den Dammen am Detail
D'Resultater vum Riseslalom bei den Hären am Detail
D'Resultater vum Spezial-Slalom bei den Hären am Detail

Back to Top
CIM LOGO