Nordesch Schi-Competitiounen zu AdelbodenLisa Houot an Eric Weis verdeedegen hir Titelen

Tom Nols
An der Schwäiz waren dëse Weekend nieft den alpinen och déi national Meeschterschaften an den nordeschen Schi-Competitiounen. Am Laanglaf sinn dobäi déi jeeweileg Titele verdeedegt ginn.
© Roland Miny

Ronderëm d’Engstligenalp goung et fir d’Titelen iwwer déi kuerz Distanz zweemol iwwert e Parcours vu 4,8 Kilometer. Um Enn huet sech den Eric Weis duerchgesat a säin Titel verdeedegt. Op der Arrivée hat den neien an ale Lëtzebuerger Champion 14 Sekonnen Avance op de Richard Maxime Guinchan. Déi drëtte Plaz, op 8 Minutten a 40 Sekonnen, war fir den Dany Winbomont, deen domat gläichzäiteg den Titel bei de Masters feiere kann. Am Ganze waren e Sonndeg 13 Athleten um Depart.

Ski nordique championnat CD classique 2026.pdf

De Championstitel bei de Frae war, wéi d’lescht Joer, fir d’Lisa Houot. Hir eenzeg Géignerin an der Course Maria Abulkhanova hat um Enn zwou Minutten an 43 Sekonne Retard.

Weider Disziplinne vum Weekend

Och an der sougenannter “Skating"-Course e Samschdeg, iwwert déi nämmlecht Distanz, waren d’Lisa Houot an den Eric Weis net ze schloen an hunn hir jeeweileg Titele verdeedegt. FLS Masters Champion gouf den Drëttplacéierte Juan Carlos De Pablo Robledo, wärend sech dee Fënnefte Christian Laplume iwwert den Titel vum nationale Masters Champion freeë kann.

Ski nordique championnat CD skating 2026.pdf

Da war et leschte Freideg och déi véierten Editioun vum “Vertical Race”, bei deem et dee verkéierte Wee d’Chünisbärgli-Weltcup-Pist vun Adelboden erop geet. Net ze schloe war den David Claerebout, dee sech no knapp 32 Minutte géint den Tom Winbomont duerchsetze konnt, deen am Zil 5 Minutten an 13 Sekonne Réckstand hat.

Liest hei, wéi et an de Schi-Alpin-Landesmeeschterschaften ausgaangen ass:

Back to Top
CIM LOGO