Lëtzebuerger Futtballer am AuslandTerminus an der Aachtelsfinall fir den Oli Thill mam FK Ufa

RTL Lëtzebuerg
Schonn en Dënschdeg war de Laurent Jans fir den SC Paderborn am DFB-Pokal zu Leverkusen am Asaz.
© pressphoto (Archiv)

Mëttwoch

A Russland war den FK Ufa fir de Kont vun der Aachtelsfinall an der Coupe beim ZSKA Moskau op Besuch. No enger 1. Hallschecht ouni Goler huet et och an der 2. dono ausgesinn, wéi wa kee géif falen. An der 3. Minutt vun der Nospillzäit konnt de Bijol awer fir d’Ekipp aus der russescher Haaptstad markéieren. Den Olivier Thill gouf bei Ufa an der 74. Minutt agewiesselt.

Dynamo Kiew war iwwerdeems an der ukrainescher Coupe géint Schachtar Donezk gefuerdert. No engem 1:1 an der regulärer Spillzäit goung et no 90 Minutten an d’Verlängerung. An do war et den Haaptstad-Veräin, deen de längeren Otem hat an d’Partie mat 2:1 fir sech entscheede konnt. Beim 2:1-Succès vun Dynamo souz de Gerson Rodrigues de komplette Match iwwer op der Bänk.

Den 1. FC Kaiserslautern, de Club vum Lëtzebuerger Geschäftsmann Flavio Becca konnt sech iwwerdeems am DFB-Pokal no Eelefmeterschéisse géint den 1. FC Nürnberg aus der 2. Bundesliga fir den nächsten Tour qualifizéieren. Méi iwwer dëst Partie kënnt Dir hei liesen.

Dënschdeg

An der däitscher Coupe stoungen um Dënschdeg den Owend zwee Lëtzebuerger Nationalspiller um Bou: bei Paderborn war et de Laurent Jans a beim Karlsruher SC den Dirk Carlson.

Just ee vu béide koum an den Asaz an dat war de Laurent Jans. Den Éisleker huet an der leschter Zäit bei sengem Veräin ee schwéiere Stand a koum an der Bundesliga nach guer net zum Zoch. En Dënschdeg krut hien awer vun Ufank d’Vertraue vum Trainer. An der 87. Minutt gouf de Jans ausgewiesselt, Paderborn huet 0:1 de Kierzere gezunn an ass elo aus dem DFP Pokal eliminéiert.

De KSC konnt sech iwwerdeems zu Darmstadt, mat engem Dirk Carlson op der Bänk, duerchsetzen.

Méi iwwer béid Matcher liest Dir hei:

LINK: DFB Pokal: Bayern dréit Partie an der Schlussphas, Köln blaméiert sech

An Holland waren 1/32-Finallen an der Coupe. Hei krut et Maastricht mat Dodrecht ze dinn. Och hei war ee Lëtzebuerger mat vun der Partie: den Enes Mahmutovic. D’nämmlecht wéi de Laurent Jans ass och hien an der 87. Minutt ausgewiesselt ginn an och seng Ekipp ass no enger Defaite aus der Kompetitioun eliminéiert ginn. Um Enn stoung eng 1:3-Defaite fir Maastricht um Tableau.

LINK: DFB Pokal: Julian Brandt käppt de BVB no Réckstand een Tour weider

Back to Top
CIM LOGO