DFB PokalBayern dréit Partie an der Schlussphas, Köln blaméiert sech

RTL Lëtzebuerg
Iwwerdeems koum de Laurent Jans bei der 0:1-Defaite vu Paderborn zu Leverkusen vun Ufank un an den Asaz.
Zitt ee laangt Gesiicht no der Blamage an der däitscher Coupe: den Timo Horn, Kipper vum 1.FC Köln.
Zitt ee laangt Gesiicht no der Blamage an der däitscher Coupe: den Timo Horn, Kipper vum 1.FC Köln.
© afp

An der däitsche Coupe war den Dënschdeg den Owend den Optakt vun de 1/16-Finallen. Bayern München konnt sech an de leschte Minutte behaapten, Köln huet sech géint ee Club aus der 4. Liga blaméiert, Schalke gëtt 3:0-Féierung bal nach aus der Hand, bei der Néierlag vu Paderborn war de Laurent Jans am Asaz a beim 1:0-Succès vum KSC souz den Dirk Carlson 90 Minutten iwwer op der Bänk.

Den Iwwerbléck vun de Matcher

VfL Bochum - Bayern München 1:2
1:0 Davies (36') - Selbstgol, 1:1 Gnabry (83'), 1:2 Muller (89')

Bochum, de Veräin aus der 2. Bundesliga, krut et am eegene Stadion mam Rekordchampion vu Bayern München ze dinn. Den FCB war auswäerts am Pott géint den Underdog vum VfL an der klorer Favoritteroll, och wann den Trainer Kovac Leit wéi Coutinho a Müller op der Bänk gelooss huet.

Direkt an der 1. Minutt war et d’Lokalekipp, déi sech eng gréisser Golgeleeënheet erausspille konnt. De Ball koum an de Réckraum bei den Zoller, deen ofgezunn huet, d’Këscht vum Neuer awer just verpasst huet - do haten d’Bayern Chance. Och am weidere Verlaf vun der 1. Hallschecht waren d’Münchener net wierklech am Match an an der 36. Minutt krute si dofir d’Rechnung. Eng sec Flank an d’Mëtt gouf dem Davies zum Verhängnes. De feste Ball konnt de jonke Kanadier net verschaffen an huet onglécklech duerch ee Selbstgol op 1:0 fir d’Heemekipp gesat. Dëst war gläichzäiteg dat éischter onerwaarte Pauseresultat.

Och nom Säitewiessel war d’Leeschtung vum FCB net iwwerzeegend. Bochum huet gutt matgehalen a Bayern d’Liewen esou schwéier gemaach. Den Trainer Kovac huet dofir reagéiert an de Lewandowski, Coutinho a Müller agewiesselt. Et war awer de Gnabry, deen d’éischt ausgläiche konnt an e bësse méi spéit de Müller, deen d’Münchener op d’Gewënnerstrooss geschoss huet.

‘Bayern huet domat bannent 6 Minutten d’Partie gedréit an ass um Enn als Gewënner vum Terrain gaangen.

Bayer Leverkusen - SC Paderborn 1:0
1:0 Alario (26')

An der BayArena war den SC Paderborn op Besuch an aus Lëtzebuerger Siicht gouf et do Grond sech ze freeën: de Laurent Jans stoung an der éischter 11 vun de Gäscht. War de Lëtzebuerger Nationalspiller an der Bundesliga bis elo nach net an den Asaz komm, krut hien en Dënschdeg den Owend awer d’Chance vu sengem Trainer.

D’Werkself ass favoriséiert an de Match gaangen a konnt och an der 1. Hallschecht mat 1:0 a Féierung goen. Den Alario hat vun enger Onopmierksamkeet an der Paderborner Defense profitéiert an d’Heemekipp op d’Gewënnerstrooss bruecht. De Laurent Jans stoung bis déi 87. Minutt um Terrain a konnt zesumme mat senger Ekipp der Defaite näischt méi entgéintsetzen. Domat huet sech Leverkusen fir den nächsten Tour qualifizéiert.

SV Darmstadt - Karlsruher SC 0:1
0:1 Hofmann (85')

War de Laurent Jans mat Paderborn vun Ufank un am Asaz, esou huet den Dirk Carlson beim KSC missen op der Bänk Plaz huelen. Vun do aus huet de Lëtzebuerger eng Partie ouni Goler gesinn - bis an d'85. Spillminutt. Deen Ament konnt nämlech den Hofmann den 1:0 markéieren. Karlsruhe huet sech mat dësem knappe Virsprong iwwer déi reschtlech Minutte gerett. Den Dirk Carlson koum net méi an den Asaz.

1. FC Saarbrücken - 1. FC Köln 3:2
1:0 Schorch (53'), 2:0 Jurcher (57'), 2:1 Hector (71'), 2:2 Terrode (84'), 3:2 Jänicke (90')

Köln goung als Favorit an d’Partie auswäerts beim Veräin aus der 4. Liga vu Saarbrécken. D’Rolle waren deemno kloer verdeelt. Schwaach Kölner hunn et awer net an der 1. Hallschecht fäerdegbruecht, fir der Partie de Stempel opzedrécken. Am 2. Duerchgang dunn de Schock fir den FC: Saarbrécke konnt zweemol bannent 4 Minutte markéieren. Köln huet misse reagéieren an huet dat am weidere Verlaf och gemaach.

Hector an Terrode hunn déi Kölner zeréck an de Match bruecht, ma an der 90. Minutt koum fir de Bundesligist den definitive K.O. duerch de Jänicke. Domat war d’Blamage fir Köln an d’Qualifikatioun fir déi nächst Ronn fir Saarbrécke perfekt.

Zitt ee laangt Gesiicht no der Blamage an der däitscher Coupe: den Timo Horn, Kipper vum 1.FC Köln.
Zitt ee laangt Gesiicht no der Blamage an der däitscher Coupe: den Timo Horn, Kipper vum 1.FC Köln.
© afp

HSV - VfB Stuttgart (1:1) 1:2 n.V.
0:1 Gonzalez (2'), 1:1 Hunt (16'), 1:2 Al Ghaddioui (113')

Am Duell tëscht den zwee 2.-Bundesligiste gouf et kee klore Favorit. Allebéid hu sech virun der Partie fest Chancen ausgerechent, fir een Tour weiderzekommen. No 2 Minutten huet et ganz gutt fir d’Gäscht ausgesinn, ma no der 1:0-Féierung konnt den HSV ronn eng Véierelsstonn drop ausgläichen.

Nom Säitewiessel si keng weider Goler gefall, soudatt et an d’Verlängerung goung. Do waren et d’Schwaben, déi de Lucky Punch konnte setzen an domat no 120 Minutten als Gewënner vum Terrain gaange sinn.

SC Freiburg - 1. FC Union Berlin 1:3
0:1 Mees (36), 1:1 Koch (45'+2), 1:2 Andrich (87'), 1:3 Gentner (90'+2)

Well den SC Freiburg een iwwerduerchschnëttlech gudde Start an d’Bundesliga erwëscht huet, war d’Ekipp vum Trainer Streich virum eegene Public de Favorit am Duell géint Union Berlin. Et waren awer d’Gäscht, déi a Féierung goe konnten. Freiburg huet virum Téi zwar nach ausgeglach, d’Gäscht hunn an der 2. Hallschecht mat 2 Goler d’Victoire an domat d’Qualifikatioun fir déi nächste Ronn kloer gemaach.

Arminia Bielefeld - Schalke 2:3
0:1 Schöpf (16'), 0:2, 0:3 Raman (25', 32'), 1:3 Klos (72'), 2:3 Soukou (77')

Schonn no der 1. Hallschecht huet Schalke wéi de séchere Gewënner an dëser Partie ausgesinn. No den éischte 45 Minutte war d’Ekipp vum Trainer Wagner souverän mat 3:0 am Avantage. D’Arminia ass awer an der leschter Véierelsstonn erwächt a koum am eegene Stadion nach eemol zeréck. Bielefeld wollt den 3:3 markéieren, hat um Enn awer net méi déi néideg Duerchsetzungskraaft fir den Ausgläichstreffer ze fannen.

MSV Duisburg - TSG Hoffenheim 0:2
0:1 Grillitsch (53'), 0:2 Adamyan (58')

No enger éischter Hallschecht ouni Goler konnt d’TSG vun Hoffenheim an der 2. de Sak mat zwee Goler bannent 5 Minutten zoumaachen.

Back to Top
CIM LOGO