DFB PokalJulian Brandt käppt de BVB no Réckstand een Tour weider

RTL Lëtzebuerg
Iwwerdeems konnt sech den 1. FC Kaiserlautern am Eelefmeterschéisse géint den 1. FC Nürnberg aus der 2. Bundesliga behaapten.
© afp

E Mëttwoch den Owend war d’Suite vun de 1/16-Finallen am DFB-Pokal, wou ë.a. RB Leipzig de VfL Wolfsburg iwwerrannt huet, Bremen keng Méi hat géint Heidenheim a Frankfurt um Millerntor bei St. Pauli gewanne konnt.

Den Iwwerbléck vun de Matcher

Dortmund - Mönchengladbach 2:1
0:1 Thuram (71'), 1:1, 2:1 Brandt (77', 80')

No der Nullnummer vun Dortmund am Derby op Schalke de leschte Weekend goufen et bei der Ekipp vum Trainer Favre personell Abéisse virum Match: de Marco Reus a Mats Hummels, zwee Stammspiller, hu misse Forfait erklären. Dortmund war awer an der 1. Hallschecht déi méi aktiv Borussia, stoung hannendran iwwer wäit Strecke stabil an huet aus der Defense eraus Aktiounen no vir gestart.

De BVB gouf awer fir säin héije Risiko an den Offensivaktiounen net mat engem Gol belount. Och déi aner Borussia, déi aus Mönchengladbach, hat sech eppes virgeholl a wollt aus der liichter Aussesäiter-Roll eraus fir eng Iwwerraschung suergen. Ma och d’Fohlen konnte hir Efforten net an ee Gol ëmmënzen - 0:0 an der Paus!

Nom Téi goung et weider hin an hier a geféierlech Aktioune goufen et op béide Säiten. Knapp 20 Minutte virum Enn vun der Partie huet den Thuram de Score opgemaach. De Fransous gouf vum Wendt op de Kapp zerwéiert an huet sécher op 1:0 eragekäppt.

Elo war Dortmund gefuerdert - d’Äntwert koum a Persoun vum Julian Brandt! Den däitschen Nationalspiller huet d’éischt ee Lénksschoss am géigneresche Gol ënnerbruecht an huet wéineg méi spéit mam Kapp op 2:1 fir seng Faarwe gesat. Gladbach huet an de Schlussminutten nach eng Kéier alles no vir geworf, hat awer net déi néideg Portioun Reussite, fir de Match an d’Verlängerung ze bréngen. D’Borussia vun Dortmund konnt also d’Partie dréien an an den nächsten Tour anzéien.

© afp

1. FC Kaiserslautern - 1. FC Nürnberg (2:2) 6:5 n.E.
1:0 Thiele (8'), 1:1 Jäger (15'), 2:1 Thiele (74'), 2:2 Frey (89')

D’Supporter vum 1. FC Kaiserslautern sinn a leschter Zäit ze bematleeden. Hunn déi Rout Däiwelen an der leschter Saison den Ofstig an déi 4. däitsch Liga in extremis verhënnert, ass den FCK an der neier Campagne nees matten dran. Och den Engagement vum Lëtzebuerger Geschäftsmann Flavio Becca huet bis elo nach keng Friichte gedroen.

E Mëttwoch den Owend huet sech d’Ekipp vum Trainer Schlommers um Betzenberg awer vun Ufank un anstänneg presentéiert an ass an der 8. Minutt no Eelefter a Féierung gaangen. D’Freed war net vu laanger Dauer, well de Jäger kuerz drop ausgläiche konnt - 1:1 no 45 Minutten!

Och nom Säitewiessel goufen d’Spectateuren net enttäuscht. Den Thiele huet nämlech ronn 15 Minutte viru Schluss säin 2. Eelefmeter verwandelt an et huet no enger Qualifikatioun fir den nächsten Tour fir den FCK geroch. De Frey huet Nürnberg awer eng Minutt virum Enn vun der Partie mam 2:2 nees an de Match bruecht a sou goung et an d’Verlängerung.

An der Verlängerung hu sech du béid Formatiounen neutraliséiert an et si keng Goler méi gefall - logesch Konsequenz: Eelefmeterschéissen! De Lennart Grill, Kipper vun de Rouden Däiwelen, huet den decisiven Eelefter gehalen a seng Ekipp domat fir den nächsten Tour qualifizéiert.

Werder Bremen - 1. FC Heidenheim 4:1
1:0 Rashica (6'), 2:0 Bittencourt (11'), 3:0 Klaassen (19'), 4:0 Friedl (41'), 4:1 Schnatterer (45')

Bremen war an der Partie géint Heidenheim de klore Favorit. D’Ekipp vum Trainer Kohfeld huet schonn an den éischten 20 Minutten dëst däitlech ënner Beweis gestallt: Rashica, Bittencourt a Klaassen hunn d’Werderaner séier mat 3:0 an den Avantage bruecht. Domat awer net genuch, well de Friedl knapp 5 Minutte virun der Paus op 4:0 erhéije konnt.

Heidenheim krut zwar an der 45. Minutt een Eelefter, deen de Schnatterer verwandelt huet, ass awer net méi zeréck an de Match komm.

FC St. Pauli - Eintracht Frankfurt 1:2
0:1, 0:2 Dost (4', 16'), 1:2 Sobota (42')

D’Eintracht Frankfurt huet an de leschten zwou Spillserien ee flotte Parcours am DFB-Pokal realiséiert. D’Jonge vum Trainer Hütter wollten och um Millertorn zu Hamburg géint St. Pauli een Tour weiderkommen. Dëst huet dann och an der Ufanksphas duerch ee duebele Coup vum Hollänner Dost gutt ausgesinn. Kuerz virum Téi hunn d’Hamburger awer op Eelefter 1:2 verkierzt, ma an der 2. Hallschecht hate si der Defaite awer näischt méi entgéintzesetzen.

Fortuna Düsseldorf - Erzgebirge Aue 2:1
0:1 Kruger (12'), 1:1 Hennings (45'), 2:1 Nuhu (75')

D’Ekipp aus der 1. Bundesliga, Fortuna Düsseldorf, war géint den Erzgebirge Aue de Favorit, och wann de Veräin aus der 2. Bundesliga do aktuell op Plaz 4 ass. D’Gäscht sinn also duerchaus mat Confiance an d’Partie géint d’Fortuna gaangen a konnten dës an der 12. Minutt an eng 1:0-Féierung ëmmënzen. D’Äntwert vum den Düsseldorfer koum awer nach virun der Paus - 1:1 no 45 Minutten. An der 2. Hallschecht huet den Nuhu fir d’Heemekipp op 2:1 gesat an domat war d’Fortuna een Tour weider.

VfL Wolfsburg - RB Leipzig 1:6
0:1 Bruma - Selbstgol (13'), 0:2 Sabitzer (55'), 0:3 Forsberg (58'), 0:4 Laimer (61'), 0:5 0:6 Werner (68', 88'), 1:5 Weghorst (89')

D’Wölfe sinn am eegene Stadion géint den RB Leipzig ugetrueden a wollte virum eegene Public natierlech een Tour weiderkommen. D’Euphorie gouf awer scho fréi am Match duerch ee Selbstgol vum Ofwierspiller Bruma gebremst. Nom Téi ass et du just an eng Richtung gaangen, nämlech an déi vum Wolfsburger Kipper Pervan. Ganzer fënnefmol huet hie missen an der 2. Hallschecht hannert sech gräifen, fir de Ball aus dem Filet ze huelen. Wolfsburg ass just nach eng Minutt viru Schluss den Éieregol gelongen. Um Enn stoung deemno eng däitlech Victoire fir d’Gäscht vun RB um Tableau.

© afp

SC Verl - Holstein Kiel (1:1) 8:7 n.E.
0:1 Serra (13'), 1:1 Hecker (45')

Den SC Verl aus der Regionalliga West war an der Ausernanersetzung géint Holstein Kiel aus der 2. Bundesliga den Underdog. D’Gäscht sinn dann och a Féierung gaangen, ma d’Lokalekipp konnt awer nach virun der Paus ausgläichen. An der 2. Hallschecht an an der Verlängerung si keng Goler méi gefall, wat Eelefmeterschéisse bedeit huet. Do war et de Sportclub vu Verl, deen den Norddäitschen iwwerleeë war.

Hertha BSC - Dynamo Dresden (2:2) 7:6 n.E.
0:1 Koné (36'), 1:1 Lukebakio (48'), 2:1 Duda (86'), 2:2 Ebert (90'), 2:3 Stor (107'), 3:3 Torunarigha (120'+3)

An enger geckeger Partie am Berliner Olympiastadion, wou ganzer 30.000 Supporter aus Dresden ugereest sinn, hat déi Al Damm déi néideg Portioun Reussite, fir an déi nächst Ronn anzezéien. Allerdéngs waren et d’Gäscht, déi no den éischte 45 Minutte mat 1:0 geféiert hunn. Dono huet no de Goler vum Lukebakio an Duda alles no enger sécherer Saach fir d’Hertha ausgesinn, mat den Ebert huet awer an der 90. Spillminutt een Eelefter eragesat.

An der Verlängerung war dunn nees Dynamo um Drécker. Esou konnt de Stor an der 107. Minutt fir d’Virentscheedung am Match suergen - et war allerdéngs just d’Virentscheedung, well déi richteg Entscheedung koum an der 3. Minutt vun der Nospillzäit duerch den Torunarigha - mat engem 3:3 goung et an d’Eelefmeterschéissen. Um Enn hat dësen Eelefter-Krimi ee bessert Enn fir d’Ekipp aus der däitscher Haaptstad.

Back to Top
CIM LOGO