Wéinst "Ëmstänn a Faiten"Thailännesche Veräi Kanchanaburi Power FC trennt sech vum Gerson Rodrigues

RTL Lëtzebuerg
Dat schreift e Samschdeg déi franséischsproocheg Noriichtesäit vu Mediahuis virgule.lu a berifft sech op e Communiqué op de soziale Medie vum Veräin.

An der Matdeelung vum Veräi géing rieds goe vu “Ëmstänn a Faiten”, déi Konsequenze fir de Kontrakt hätten.

Wat dem Lëtzebuerger Spiller genee reprochéiert gëtt, ass onkloer. Virgule zitéiert lokal Quellen, vun deenen et géing heeschen, datt de Gerson Rodrigues net ganz reegelméisseg op den Training komm wier. De Gerson Rodrigues war eréischt am August zejoert offiziell bei de Veräi gewiesselt.

Back to Top
CIM LOGO