EM am DammefuttballTitelverdeedeger Holland muss géint Frankräich erun, England géint Spuenien

RTL Lëtzebuerg
Zanter dem 6. an nach bis den 31. Juli gëtt an England d'Europameeschterschaft am Dammefuttball gespillt. Eigentlech sollt se schonn 2021 gespillt ginn.
© AFP

Den 23. Abrëll 2020 huet d’Uefa se dunn awer verréckelt. Am Ganze ware 16 Natioune mat dobäi, déi a 4 Gruppen opgedeelt waren. Jeeweils déi zwee Bescht aus all Grupp hu sech fir d’Véierelsfinalle qualifizéiert.

Hei kënnt et schonns zu ganz flotten Dueller. Ënnert anerem mussen den Titelverdeedeger Holland géint Frankräich untrieden, England kritt et mat Spuenien ze dinn, d’Rekord-Europameeschterinnen aus Däitschland spille géint den Noper Éisträich a Schweden kritt et mat der Belsch ze dinn.

Grupp A

England huet sech am Grupp A souverän déi éischte Plaz geséchert. No der Rekord-Victoire géint Norwegen, wou d’Lionesses mat 8:0 gewonnen hunn, ware si jo schonns sécher fir d’Véierelsfinalle qualifizéiert. Duerch eng Victoire géint Éisträich hat ee sech och nach déi éischte Plaz an der Tabell geséchert. Éisträich qualifizéiert sech als Zweete fir d’Véierelsfinallen, iwwerdeems Norwegen an Nordirland eliminéiert goufen.

Grupp B

Och déi däitsch Damme kënne bis elo op eng immens erfollegräich a souverän EM zeréckkucken. 4:0 géint Dänemark, 2:0 géint Spuenien an 3:0 géint Finnland, dat sinn d’Resultater vun Däitschland an der Gruppephas. Dës schléisse si also souverän op der éischter Plaz of, dat viru Spuenien, déi sech als Gruppenzweete fir d’Ronn vun de beschten 8 qualifizéieren. Fir Dänemark a Finnland ass d’EM iwwerdeems eriwwer.

Grupp C

Schweden huet sech liicht iwwerraschend déi éischt Plaz am Grupp C virun den Titelverdeedegerinnen aus Holland geséchert, dat opgrond vum bessere Golverhältnis. D’Schwäiz a Portugal verpassen iwwerdeems d’Véierelsfinallen.

Grupp D

D’Dammen aus Frankräich ginn iwwerdeems déi 1. am Grupp D. D’Belsch ka sech iwwerdeems eng éischte Kéier fir d’Véierelsfinall qualifizéieren, dat no engem 1:0 Victoire géint Italien. De decisive Gol huet d’De Caigny an der 49. Minutt geschoss. D’Italienerinnen haten zwar nach e puer gutt Chancen an hunn och alles no vir geheit, ma et sollt net méi duergoe fir den Ausgläich ze markéieren. Italien ass deemno net méi mat dobäi, grad ewéi Island.

D’Véierelsfinallen am Iwwerbléck

England - Spuenien (20.7.22 um 21 Auer zu Brighton and Hove)

Däitschland - Éisträich (21.7.22 um 21 Auer zu Brentford)

Schweden - Belsch (22.7.22 um 21 Auer zu Leigh)

Frankräich - Holland (23.7.22 um 21 Auer zu Rotherham)

D’Finall gëtt sonndes den 31. Juli zu London am Wembley-Stadion gespillt.

Back to Top
CIM LOGO