
Bei den Hären huet Stroossen nach ëmmer d’Chance, fir den Titel ze verdeedegen. Donieft stinn och nach Luerenzweiler an Esch an den Halleffinallen. D’Decisioun ëm de leschten Ticket fir d’Halleffinalle fält e Sonndeg an der Partie tëscht Fenteng a Péiteng.
Bei den Dammen hu sech den Titelverdeedeger Walfer souverän fir d’Ronn vun deene leschte Véier qualifizéiert. Méiglech Géigner sinn hei Mamer, d’Gym oder de Chev Dikrech.