Internationale FuttballTottenham an Arsenal mat Victoiren

RTL Lëtzebuerg
Donieft verléiert Monaco doheem däitlech géint Lens a Leicester muss sech géint Southampton geschloe ginn.
© AFP

Och an der däitscher Bundesliga gouf e Samschdeg gespillt. Hei gouf Dortmund vu Bremen geschockt an och Leverkusen huet doheem verluer.

Premier League

Tottenham Hotspur - Wolverhampton Wanderers 1:0
1:0 Kane (64’)

An engem relativ ausgeglachene Match ass et d’Lokalekipp, déi no engem Corner duerch den Harry Kane a Féierung geet. D’"Wolves” waren zwar ee schwierege Géigner fir dem Antonio Conte seng Ekipp, um Enn ass et awer net duergaangen, fir eppes aus London matzehuelen. Wärend d’Spurs mat 7 Punkten aus 3 Matcher domat ee gudde Start an d’Saison kënne verbuchen, waart Wolverhampton weider op den éischte Succès.

Leicester City - Southampton 1:2
1:0 Maddison (54’), 1:1 Adams (68’), 1:2 Adams (84’)

AFC Bournemouth - Arsenal 0:3
0:1 Ødegaard (5’), 0:2 Ødegaard (11’), 0:3 Saliba (54’)

Arsenal befënnt sech weiderhin a ganz staarker Form an huet och mat Bournemouth keng Problemer. Zwee Goler vum Kapitän Ødegaard suerge scho fréi fir eng gewësse Virentscheedung, den drëtte Gol vum Saliba huet den Deckel dropgemaach. Arsenal iwwerhëlt domat zumindest bis e Sonndeg d’Tabelleféierung, wa Manchester City bei Newcastle United zu Gaascht ass.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Serie A

Torino - Lazio 0:0

Udinese - Salernitana 0:0

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

Ligue 1

Monaco - Lens 1:4
0:1 Openda (7’), 0:2 Machado (38’), 1:2 Badiashile (41’), 1:3 Fofana (55’, Eelefmeter), 1:4 Said (78’)

Monaco verléiert doheem iwwerraschend däitlech géint Lens, déi mat dësen dräi Punkten emol tëschenzäitlech d’Tabelleféierung iwwerhuelen. Fir d’Monegasse war de Match spéitstens no der rouder Kaart fir de Vanderson an der 72. Minutt gelaf.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

La Liga

Osasuna - Cadiz 2:0
1:0 Avila (37’, Eelefmeter), 2:0 Kike (79’, Eelefmeter)

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO