BundesligaBremen schockt de BVB, Leverkusen weider ouni Punkt

RTL Lëtzebuerg
Donieft setzt Freiburg sech zu Stuttgart duerch a Wolfsburg a Schalke trenne sech 0:0.
© AFP

Bremen schockt Dortmund an de leschte Minutten an dréint de Match bannent 6 Minutten nach komplett. D’Spiller vun der Weser hu ganz gutt dogéint gehalen a Bremen war gréisstendeels souguer déi besser Ekipp, ma kuerz virun der Paus huet de Brandt d’Haushäre mat engem Distanzschoss aus dem Näischt a Féierung bruecht. Och duerno huet den Opsteiger sech net verstoppt a weider aktiv matgespillt, ma e konnt sech awer net mam Ausgläich belounen. No 77 Minutten huet de Guerreiro da mat engem weidere Schoss aus der Distanz op 2:0 gesat. Bremen huet sech awer net opginn, soudass de Buchanan an der 89. Minutt den Uschloss markéiere konnt, ier de Schmidt an der 3. Minutt vun der Nospillzäit fir de verdéngten Ausgläich gesuergt huet. Domat war et awer nach net gedoen, well de Burke 2 Minutten drop mam 2:3 de Match komplett gedréint a ganz Dortmund geschockt huet. No dëser verréckter Schlussphas huet den Opsteiger elo 5 Punkten, wärend de BVB bei 6 Punkte bleift.

Leverkusen verléiert och den 3. Match vun der Saison a muss sech doheem mat 0:3 géint Hoffenheim geschloe ginn. Schonn no 9 Minutte konnt de Baumgartner Hoffenheim spektakulär a Féierung bréngen. Grad wéi Leverkusen dunn nees besser ginn ass, konnt de Kramaric no enger gudder hallwer Stonn op 0:2 erhéijen. D’Lokalekipp huet zwar keng katastrophal Leeschtung gewisen a sech ëmmer nees Chancen erausgespillt, ma huet déi awer, wéi schonn an de Matcher virdrun, net genotzt. An der 78. Minutt huet de Rutter du mat engem weideren Dramgol den Deckel drop gemaach. Wärend et fir Hoffenheim déi zweet Victoire am drëtte Match ass, bleift Leverkusen ouni Punkt op der leschter Plaz.

Wolfsburg a Schalke trenne sech 0:0 a waarden domat béid weiderhin op den éischte Succès vun der Saison. Wärend et an der éischter Hallschent net vill Aktioune goufen, ass et kuerz virun der Paus ëmsou méi hektesch ginn. No Agrëff vum VAR krut Schalke een Eelefmeter, deen de Casteels awer paréiert huet. De Wolfsburger Golkipp stoung awer beim Terodde sengem Schoss ze wäit virun der Linn, soudass den Eelefmeter huet misse widderholl ginn. Ma och beim zweete Versuch krut den Terodde de Ball net laanscht de Casteels. No ronn enger Stonn ass Wolfsburg dunn a Féierung gaangen, ma de Guilavogui stoung awer am Abseits. Am zweeten Duerchgang huet d’Ekipp vum Niko Kovac ëmmer méi d’Spillkontroll iwwerholl, ma um Enn bleift et beim Remis, wouduerch béid Ekippen no 3 Matcher elo 2 Punkten um Kont hunn.

Iwwerdeems zitt Stuttgart géint Freiburg mat 0:1 de Kierzeren, wärend Augsburg sech 1:2 géint Mainz mam Leandro Barreiro muss geschloe ginn.

Am Owesmatch huet Union Berlin dunn nach RB Leipzig mat 2:1 geklappt. D’Ekipp vum Urs Fischer hat zwar manner vun der Partie, ma duerch zwee Goler bannent 6 Minutte vu Siebatcheu a Becker ass si nach virun der Paus komfortabel a Féierung gaangen. De Bullen ass an der 83. Minutt duerch den Orban just nach den Uschloss gelongen, wouduerch si no 3 Partien elo just 2 Punkten um Kont hunn. Union ass dogéint mat 7 Punkten aus 3 Matcher gutt an d’Saison gestart a läit temporär op der 2. Plaz.

D’Statistike vun de Matcher

Klickt hei, fir op d’Säit mat all de Resultater ze kommen.

D’Klickt op de Match, fir d’Statistiken ze gesinn.

D’Tabell vun der Bundesliga

Back to Top
CIM LOGO