Deconfinement am FuttballTrainéieren am Respekt vun de Mesurë géint de Cornavirus

Franky Hippert
Just mat Händschen dierf een de Ball an de Grapp huelen, Käppen, Matcher oder Kompetitiounen géifen ausgeschloss ginn.

Vun e Méindeg u sinn jo nees 32 Sportaarten dobaussen méiglech. Natierlech mussen coronabedéngte Reegelen agehale ginn. Eng Sportaart, déi och op där Lëscht vun deenen 32 ass, ass de Futtball. Op der Pressekonferenz sot de Sportminister Dan Kersch, datt, wann d'FLF e Konzept géif eraginn, datt een dann, wann dat vun enger Evaluatiounskommissioun géif guttgeheescht ginn, sech och nees Training am Futtball kéint virstellen.:

Konzept vun der FLF / Reportage Franky Hippert

E Konzept fir de Futtball gëtt et schonn an zwar gouf dat vun engem vun der Haapttrainer vun der Fussballfederatioun, dem Manu Cardoni, fir d'Futtballspiller vum Sportlycée an vun der Futtballschoul zou Monnerech ausgeschwat, dozou den FLF-President Paul Philipp:

Ass och erageschéckt ginn un de Sportsministère, wou och e puer Nobesserungen hu misse gemaach ginn. Dat ass elo vun der nächster Woch un an der Rei a wäert och d'nächst Woch bei eis um Internetsite publizéiert ginn.

Et ass e Konzept, wéi ee lues a lues e sportlechen Deconfinement kéint maachen, seet de President vun der Lëtzebuerger Fussballfederatioun:

Ëmmer erëm ënnert de Mesuren, keng Kontakter, Distanzen anhalen, de Ball net an d'Hand huelen, wann de Goalkeeper keng Händchen huet, kee Kappball, keng Matcher, keng Kompetitioun, keng Spectateuren, an d'Eltere mussen och hiren Accord ginn.

Mat deem Konzept, misst also nees Training a klenge Gruppen am Lëtzebuerger Futtball méiglech sinn, e wichtege Punkt an deem Ganzen ass awer natierlech den Accord vun de Gemengen, déi d'Sportinfrastrukturen nees musse fräi ginn:

E groussen Hick bei där Saach, an dat huet gëscht och de Sportminister gesot, déi meescht Infrastrukture gehéiere bei eis zu 99,9 Prozent zu de Gemengen. An bei deene meeschte Gemengen ass op deenen Installatioune jo nach de Verbuet, Sport ze maachen. Also brauchen eis Veräiner den Accord vun hire Gemengen, fir op den Trainingsterrain kënnen ze goen.

Déi 3 Méint, déi elo nach bleiwe bis den August, bis déi nei Saison soll ufänken, kéint een an 3 Phasen andeelen, esou de Paul Philipp, wou an all Phas nei Elementer dobäi keimen, natierlech ëmmer ënnert der Viraussetzung, datt d'Zuele vum Coronavirus an eng positiv Direktioun géife weider goen, esou den FLF-President.

An enger 1. Phas, déi elo ufänkt, kann een a klenge Gruppen individuell schaffen. Technik, physesch Preparatioun, no engem Mount an de Kollektiv eriwwergoe mat Kontakter a Spillphasen, an am drëtte Mount a richtegen Ekippentraining mat Matcher, Trainingsmatcher, ëmmer ënnert der Viraussetzung, de Kolleeg Virus spillt mat.

Dëst wier eng Méiglechkeet, fir datt sech déi 4 Veräiner, déi an der Coupe d'Europe untrieden an awer och déi aner Clibb sech uerdentlech kënnen op eng nei Saison preparéieren.

Wat d'Reprise vun den Trainingen an der Futtballschoul zu Monnerech uginn, wéilt ee bei der FLF keen Datum avancéieren, et géif een awer elo alles en place setzen, fir datt dat an nächster Zukunft méiglech wär, esou de Paul Philipp.

Futtball, Deconfinement an 3 Phasen? / Franky Hippert

Back to Top
CIM LOGO