Sahin a BenderTrainerstaff vu Borussia Dortmund kritt Ënnerstëtzung vu fréiere BVB-Spiller

RTL Lëtzebuerg
Den Nuri Sahin an de Sven Bender stinn an Zukunft un der Säit vum Edin Terciz. Dat ass eng Konsequenz no der enttäuschender Hironn.
© AFP

De Stull vum Edin Terzic huet nawell zolidd gewackelt an de leschte Wochen. Um Enn krut en awer d’Vertraue vum Veräin, an e gouf net duerch en neien Trainer ersat.

Dofir huet dann awer den Assistent Armin Reutershahn musse Plaz maachen. Hie verléisst de Veräin.

A seng Plaz kommen elo zwee fréier BVB-Staren, déi méi Veräin grouss Succèse gefeiert hunn.

Ee vun hinnen ass den Nuri Sahin. De Sarhin war an de leschten zwee Joer Head of Football beim tierkeschen Éischtligist Antalyaspor, dat als Trainer an als Sportdirekter. De Sahin hat 2011 grouss Undeeler um Championstitel vum BVB a stoung och 2013 an der Champions-League-Finall.

Weideren neie Mann ass de Sven Bender, dee vun 2009 bis 2017 beim BVB gespillt huet. En ass 2011 an 2012 Champion gi mat Dortmund an huet 2012 an 2017 mam BVB d’Coupe gewonnen. No senger Karriär ass hien U16-Juniore-Cotrainer gi beim DFB, blouf awer ëmmer a Kontakt mat den Dortmunder.

Béid kruten e Kontrakt bis Enn Juni 2025. Si sollen hëllefen d’Problemer am Spill vum BVB ze léisen. De BVB ass no 16 Spilldeeg just op Plaz 5 an der Bundesliga, dat mat 27 Punkten. Si hu 6 Punkte Réckstand op Plaz 4, a souguer 15 Punkten op den Tabelleleader Bayer Leverkusen.

An der Champions League konnte se d’Gruppephas iwwerraschend op Plaz 1 ofschléissen a stinn elo an der Aachtelsfinall, wou se et mat PSV Eindhoven ze di kréien.

Back to Top
CIM LOGO