Schock-DiagnosTumor am Hode vum BVB-Spiller Sébastien Haller entdeckt

RTL Lëtzebuerg
Beim neie Stiermer vu Borussia Dortmund Sébastien Haller gouf een Tumor am Hoden entdeckt. Dat huet de BVB e Méindegowend bekannt ginn.
© FIRO/SID/

Den 28 Joer alen Haller, dee mat der Dortmunder Ekipp am Trainingslager am Schwäizer Bad Ragaz war, hat sech nom Training um Méindegvirmëtteg onwuel gefillt. No intensive medezineschen Ënnersichunge gouf dunn am Laf vum Dag den Tumor entdeckt. De Stiermer ass doropshin nach den Dag selwer op Dortmund zeréck gereest.

An den nächsten Deeg sollen nach weider Ënnersichungen an engem spezialiséierte medezineschen Zentrum duerchgefouert ginn.

De Sébastien Haller war dëse Summer vun Ajax Amsterdam op Dortmund gewiesselt fir den Erling Haaland z’ersetzen, deen op Manchester City gewiesselt ass.

Back to Top
CIM LOGO