Futtball: EM-QualifikatiounU21-Nationalekipp verléiert an Ënnerzuel mat 0:4 a Schweden

RTL Lëtzebuerg
Keng Chance hat e Freideg den Owend d'Lëtzebuerger U21-Futtball-Nationalekipp an der Qualifikatioun fir d'Europameeschterschaft 2021 an Ungarn a Slowenien.

Am Futtball gouf et e Freideg den Owend fir d'U21-Nationalekipp an der EM-Qualifikatioun déi 6. Néierlag am 7. Match. Auswäerts huet sech d'Ekipp vum Manuel Cardoni misse mat 0:4 géint Schweden geschloe ginn.

Scho fréi am Match waren d'Lëtzebuerger an Ënnerzuel. An der 19. Minutt war de Yannis Dublin mat glat Rout vum Terrain gesat ginn. D'Goler fir Schweden hunn de Karlsson per Eelefmeter an der 27. Minutt, de Svensson an der 31. Minutt, de Karlsson an der 33. Minutt an de Beijmo an der 71. Minutt markéiert.

Am Grupp 1 steet Lëtzebuerg mat 3 Punkten op der leschter Plaz an der Tabell. Un der Spëtzt steet Irland mat 16 Punkten an Italien huet mat engem Match manner aktuell 13 Punkten um Konto.

En Dënschdeg kënnen d'Lëtzebuerger et besser maachen. Um 17 Auer spillt een am Stade Emile Mayrisch zu Esch géint Island. Fir d'Islänner gouf et bis ewell a 6 Matcher 12 Punkten.

Back to Top
CIM LOGO