D’UNK huet sech no Eelefmeterschéissen 3:2 duerchgesat. Mann vum Match war de Golkipp vun deene Käerjenger, den Noah Scheidweiler.
Et war e bëssen en änlecht Bild wéi an der Halleffinall géint Diddeleng. Den F91 war u sech och liicht besser wéi d’UNK, genee wéi e Méindeg de Racing méi vum Match hat, ma den 18 Joer jonke Golkipp huet einfach wärend der Partie keen eragelooss, an ass am Eelefmeterschéissen nees zum decisive Spiller avancéiert, mat 3 Eelefmeter, déi hie gehalen huet.
“Et ass dee glécklechsten Dag a mengem Liewen. Sou seng Jugendkarriär kënnen opzehalen, ech mengen et gëtt kee bessere Wee, just mat der Ekipp, mir hu laang geschafft, ee Joer laang, a mir hunn et wierklech verdéngt menger Meenung no.”
An dobäi waren d’Konditioune wärend dem Match alles anescht wéi optimal: “Den Terrain war am Ufank schonn net gutt, duerno mam ganze Reen war et schwéier ze spillen, wéinst dem ganze Bulli an esou. Et huet ee gesinn, mir hu gekämpft bis zum Schluss. Jiddereen huet sech dra geheit, et ass dat, wat zielt, et gëtt näischt méi Schéines ze feiere wéi mat der Ekipp.”
Den Noah Scheidweiler ass de Fils vum Mike Scheidweiler, dem fréiere Lëtzebuerger Tennisprofi. Anescht wéi de Papp ass den 1,91 Meter grousse Golkipp awer net beim Sport mam giele Ball gelant.
“Mat 4 Joer hunn ech ugefaange mat Futtball spillen, ech hat mer ni kënnen denken, datt ech elo hei géif stoe mat all menge Kolleegen.”
Den Noah Scheidweiler war och ëmmer nees an de Jugendkategorien zu Monnerech an der Futtballschoul vun der FLF dobäi. An der BGL Ligue stoung hie scho 6 Mol bei Käerjeng tëscht de Pottoen. Zanter dem Trainerwiessel bei der UNK krut den Noah Scheidweiler awer net méi d’Vertrauen an der 1. Ekipp geschenkt. E Méindeg war hien awer bei der Victoire vun der Coupe bei de Junioren de “Mann vum Match”.